Schëld E, 7c

Verkéiershiwäisschëld Lëtzebuerg


D'Schëld E, 7c ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route. Et ass e Weeweiser deen op enger Vëlosstreck de Wee uweist fir eng Uertschaft, e Lieu-dit, e Quartier oder e lokaalt Zil z'erreechen.

Schëld E, 7c
Weeweiser am Zesummenhank mat de Vëlosstrecken
Bezeechnung E, 7c
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 3. September 2016

D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Schëld E, 7c:

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 4.e. Signaux directionnels sur les itinéraires cyclables – 4bis. Signalisation directionnelle en relation avec les itinéraires cyclables. - Le signal E,7c (…) indique, sur un itinéraire cyclable, la direction à suivre pour atteindre une agglomération, un lieu-dit, un quartier d'une agglomération ou une destination locale. Nonobstant la direction indiquée, les inscriptions des destinations apparaissent du côté gauche et les distances du côté droit du signal.
Les inscriptions des destinations peuvent être précédées par un ou deux pictogrammes (…) annonçant des arrêts de transports publics, des services spécifiques ou donnant d'autres informations supplémentaires sur une destination.
Les inscriptions des destinations peuvent également être suivies par les pictogrammes (…) annonçant les caractéristiques d'un tronçon présentant respectivement une montée exceptionnelle, un revêtement difficilement praticable ou du trafic automobile considérable. Les pictogrammes indiquent la longueur du tronçon concerné. Le signal E,7c peut être complété par un ou plusieurs signaux portant l'inscription de l'identification d'un point-noeud ou d'un itinéraire cyclable selon les modèles des signaux E,21e, E,21f et E,21g. »

Bemierkungen änneren

  • D'Indikatioun vun der Distanz gëtt ëmmer riets um Schëld uginn, egal a wat fir eng Richtung de Feil weist.
  • Nieft den Destinatioune kënnen een oder zwee Piktogrammer duergestallt ginn, déi op eng Halt vum ëffentlechen Transport, speziell Servicer oder op aner Informatiounen um Ziluert hiweisen:
  • D'Destinatioune kënnen och mat Piktogrammer completéiert gi fir op eng aussergewéinlech Steigung, e schlechte Stroossenzoustand oder op staarke Verkéier op engem Deel vun der Streck hinzeweisen. Op de Piktogrammer ass d'Längt dovun uginn. D'Schëld E, 7c kann och duerch een oder méi Symboler ergänzt ginn, déi e Knuetpunkt oder d'Identifikatioun vun der Vëlosstreck uginn, sou wéi dat vun de Schëlter E, 21e, E, 21f an E, 21g virgesinn ass:

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.