Leitplank
Eng Leitplank ass eng Zort Barriär laanscht Stroossen, besonnesch a Kéieren a laanscht Autobunnen, aus Stol oder Aluminium, déi dozou déngt, datt Gefierer net kënne vun der Strooss ofkommen, oder net op déi Bunn, déi entgéintkënnt, geroden.
Well dacks Motocyclisten, déi an enger Kéier ausrutschen, ënner d'Dunn vun der Leitplank gerode sinn, goufe Panneauen entworf a fabrizéiert, déi dat verhënneren.
Anekdot
ännerenZu Lëtzebuerg goufe speziell Leitplanke vun der ARBED entwéckelt, GLADU genannt (GL=Glaesener, A= Arbed, DU= Dudelange), déi mat engem Spezialschaum gefëllt waren, an doduerch de Choc sollte besser opfänken. D'Erfindung déi ënner der Direktioun vum Ernest Glaesener weiderentwéckelt gouf, huet sech awer net konnten duerchsetzen. Si haten dem Ingenieur Ernest Glaesener, e gebiertege Réidener a fervente Foussballist, de Spëtznumm Leitplanken-Erni abruecht.
Um Spaweck
ännerenCommons: Guardrails – Biller, Videoen oder Audiodateien |