Vëlospist PC16

Itinéraire cyclable de la Moyenne-Sûre
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC16, och nach Mëttelsauerpist, offiziell Itinéraire cyclable de la Moyenne-Sûre, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC16
offiziellen Numm Itinéraire cyclable de la Moyenne-Sûre
Lëtzebuerger Numm Mëttelsauerpist
vu(n) Reisduerf
op Kautebaach
Längt 71,2 km
déifste Punkt Reisduerf
héchste Punkt Buerschent
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC16 iwwer 71,2 km vu Reisduerf op Kautebaach. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Reisduerf, Méischtref, Bettenduerf, Gilsdref, Dikrech, Angelduerf, Ettelbréck, Nidderfeelen, Welschent, Buerschent, Giewelsmillen, Konstem a Kautebaach.

Aktuell sinn zwéin Deeler realiséiert:

  1. vu Reisduerf op Ettelbréck a
  2. vun Nidderfeelen op d'Giewelsmillen.

Dat sinn am Ganzen 32,60 km[2]. Den déifste Punkt (180,44 m) ass zu Reisduerf (Kiosk) an den héchsten (476,01 m) zu Buerschent (Burewee)[3].

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Mëttelsauerpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

geplangt:

Bemierkungen änneren

Vun der Vëlospist PC16 feelen nach zwéin Deeler: an der Mëtt d'Streck tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen an am Norden den Deel vun der Giewelsmille bis op Kautebaach[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC16 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. 2,0 2,1 Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 10. Juni 2019
  3. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn