Vëlospist PC5

Itinéraire cyclable de l'Ernz blanche
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vëlospist PC5, och nach Pist vun der Wäisser Iernz, offiziell Itinéraire cyclable de l'Ernz blanche, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

Vëlospist PC5
D'Pist vun der Wäisser Iernz, tëscht der Supp a Kéideng
offiziellen Numm Itinéraire cyclable de l'Ernz blanche
Lëtzebuerger Numm Pist vun der Wäisser Iernz
vu(n) Jonglënster
op Reisduerf
Längt 32,4 km
déifste Punkt Miedernach
héchste Punkt Supp
Land Lëtzebuerg


Streck änneren

Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC5 iwwer 32,4 km vu Jonglënster op Reisduerf. Den déifste Punkt (258 m) ass zu Miedernach an den héchsten (285 m) an der Supp.

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Jonglënster, Buerglënster, Allënster, Weyer, Iernzen, Fiels, Miedernach, Iermsdref, Eppelduerf, Bigelbaach a Reisduerf.

Aktuell sinn awer eréischt 9,64 km, vum CR130 ëstlech vu Kéideng bis op Miedernach realiséiert[2].

Uschlëss un aner Pisten änneren

D'Pist vun der Wäisser Iernz huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

Bemierkungen änneren

Biller änneren

Literatur änneren

  • Frank Weyrich, Die Topografie ist eine harte Nuss - Von Junglinster ins Sauertal: Radweg PC 5 stellt Planer vor Herausforderungen am Luxemburger Wort vum 19. Juni 2019, Säit 38

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlospist PC5 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 8. Juni 2019