Jean Goldschmit
lëtzebuergesche Vëlossportler
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean (Jang) Goldschmit, gebuer den 20. Februar 1924 zu Weimeschkierch, a gestuerwen an der Stad de 14. Januar 1994, war e lëtzebuergesche Vëlossportler, e Kolleeg vum Charly Gaul, dee véiermol den Tour de France zu Enn gefuer ass an dobäi zwou Etappe gewonnen huet.
Jean Goldschmit | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1924 Weimeschkierch |
Gestuerwen |
14. Februar 1994 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Geschäftspersoun |
De Jean Goldschmit war sportleche Leeder vun der NELUX-Ekipp am Tour de France 1958 a 1959. 1961 war hie Leeder zesumme mam Alex Burtin vun der schwäizeresch-lëtzebuergescher Ekipp.
No senger Sportscarrière war hien eng Zäit laang Wiert, hien huet de Café Ënnert de Stäiler exploitéiert.
Palmarès
änneren- 22. am Grand Prix des Nations
- 5. am Tour de Luxembourg
- 7. am Grand Prix François Faber
- 9. an der Volta Ciclista a Catalunya
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 1. am internationale Cyclocross zu Murten an der Schwäiz virum Ernst Kühn an dem Belsch Van der Meersch.[1]
- 5. am Tour de Luxembourg
- 9. am Tour de Romandie
- 10. am Critérium international de cyclo-cross
- 18. am Tour de Suisse
- 20. am Tour de France
- 21. a Paris-Bruxelles
- 1. am Tour de Luxembourg
- 2. am Tour de Romandie
- 2. an der Ronde van Nederland
- 9. am Tour de Suisse
- 1. an der 3. Etapp(a) vu La Chaux-de-Fonds op Morges (100,7 km)
- 7. am Tour de Romandie
- 8. am Tour de France
- 16. am Giro d'Italia
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 2. am Tour de Suisse
- 1. an der 1. Etapp vun Zürich op Winterthur (272 km)
- 1. an der 2. Etapp vu Winterthur op Liestal (240 km)
- 3. an der 4. Etapp(a) vu Genf op Lausanne, Eenzelzäitfueren (61 km)
- 6. an der 4. Etapp(b) vu Lausanne op Gstaad (101 km)
- 5. an der 6. Etapp vu Luzern op Bellinzona (220 km)
- 10. am Tour de France (huet an der 2., 3. a 7. Etapp de Maillot jaune gedroen)
- 26. am Tour de Romandie
- 40. am Giro d'Italia
- 8. am Tour de Luxembourg
- 13. am Tour de Suisse
- 14. am Tour de Romandie
- 2. am Tour de Luxembourg
- 6. am Tour de Suisse
- 16. am Tour de France
- 31. am Tour de Suisse
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ https://web.archive.org/web/20201009050537/http://www.eluxemburgensia.lu/BnlViewer/view/index.html?lang=fr#panel:pp%7Cissue:803962%7Carticle:DTL266 Luxemburger Wort vum 20. Januar 1947