Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lucien (Lull) Gillen, gebuer de 7. Oktober 1928 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 11. August 2010[1] war e lëtzebuergesche Vëlossportler a Bankemployé. Hie war e Spezialist op der Bunn an ass haaptsächlech Sechs-Deeg-Coursse gefuer. 1955 huet hien op der Bunn zu Mailand en neie Weltrekord iwwer 5000 m opgestallt. De Lull Gillen war de Jong vum Maurice Gillen.

Lull Gillen
Gebuer 7. Oktober 1928
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. August 2010
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

Seng Karriär als Vëlossportler änneren

Säin éischten Erfolleg op zwee Rieder hat de Lull Gillen am Alter vu sechs Joer, wéi e bei enger Trotinette-Course matgemaach huet, an déi gewonnen huet.

Den 13. September 1947 ass de Lull Gillen professionelle Vëlossportler ginn. (Quell: "De Letzeburger Sport" vum 04.09.1947)

D'Sechs-Deeg-Courssen änneren

De Lull Gillen ass seng éischt Sechs-Deeg-Course vum 18. bis den 23. Oktober 1948 zesumme mam Mett Clemens zu New York gefuer. Obschonn déi zwéin nach weider keng Erfarung op der Pist haten, koumen si dobäi op déi 2. Plaz.

Seng lescht Sechs-Deeg-Course ass hien zesumme mam Palle Lykke-Jensen vum 18. bis de 24. Mee 1966 zu Québec gefuer an huet do mat enger 4. Plaz seng Karriär op der Pist ofgeschloss.

De Lull Gillen ass a senger Karriär 123 Sechs-Deeg-Coursse matgefuer, vun deenen hien der 11 gewonnen hat. Hien ass och nach 20-mol op déi 2. Plaz a 24-mol op déi 3. Plaz komm.

De Weltrekord iwwer 5000m änneren

Palmarès änneren

1947 änneren

1948 änneren

  • 2. an de Sechs Deeg vun New York

1949 änneren

  • 10. an de Sechs Deeg vun Antwerpen (zesumme mam Guy Lapébie)

1950 änneren

  • 6. an de Sechs Deeg vun Antwerpen (zesumme mam Stan Ockers)

1951 änneren

  • 4. an de Sechs Deeg zu London (mam Gustav Kilian)

1952 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Kay-Werner Nielsen)
  • 8. an de Sechs Deeg vu London (mam David Rickets)
  • 18. am Grand Prix des Nations (140,3 km)

1953 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Sainte-Étienne (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vun Dortmund (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 15. am Tour de Luxembourg

1954 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Ferdinando Terruzzi)

1955 änneren

  • 1. am Tour de l'Oise
  • 1. an de Sechs Deeg vu Gent (mam Ferdinando Terruzzi)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Berlin (mam Ferdinando Terruzzi)

1956 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Kopenhagen (mam Gerrit Schulte)

1959 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Münster (mam Peter Post)

1964 änneren

  • 1. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Émile Severeyns)
  • 1. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Robert Lelangue)

1966 änneren

  • 3. an de Sechs Deeg vu Montreal (mam Palle Lykke-Jensen)
  • 4. an de Sechs Deeg vu Quebec (mam Palle Lykke-Jensen)
  • 6. an de Sechs Deeg vu Mailand (mam Willi Altig)

Um Spaweck änneren

Medien änneren

  • Schwartz, Jean: 6 Deeg a keen Enn - Dem Lull Gillen säin Liewen op DVD

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce am LW vum 12. August 2010, S. 43