Union des villes et centres touristiques
D'Union des villes et centres touristiques du Grand-Duché de Luxembourg huet sech de 15. Mäerz[1] oder den 31. Mäerz 1931[2] konstituéiert. Et war eng offiziell Organisatioun, déi ënner dem Contrôle vum Département gouvernemental du tourisme funktionéiert huet. Se hat awer e privaten an autonome Charakter ouni juristesch Form. Uechtzéng Gemengen, déi regional regroupéiert waren, waren dora vertrueden[3]:
- d'Stad Lëtzebuerg a seng Ëmgéigend
- d'Gemeng Fiels
- d'Gemeng Miersch
- d'Gemeng Stengefort
- d'Gemeng Klierf
- d'Esch-Sauer
- d'Gemeng Wolz
- d'Gemeng Dikrech
- d'Gemeng Ettelbréck
- d'Gemeng Veianen
- d'Gemeng Beefort
- d'Gemeng Bäerdref
- d'Gemeng Konsdref
- d'Gemeng Iechternach
- d'Gemeng Gréiwemaacher
- d'Gemeng Réimech an de Museldall
- d'Gemeng Munneref
- d'Gemeng Esch-Uelzecht
1945 gouf d'Union des villes et centres touristiques, déi wärend der Nazi-Occupatioun opgeléist gi war, vum Office luxembourgeois de tourisme (O.L.T.), dee sech vun 1949 un Office national du tourisme (O.N.T.) genannt huet, ersat.[4]