Den Nouveautés Palace war e fréiere Kino zu Esch-Uelzecht.

E gouf 1911 op der Brillplaz, um Eck mat der Uelzechtstrooss opgeriicht, a war deen éischte "richtege" Kino zu Esch. Den 23. Dezember 1911 war déi éischt Virstellung.[1]

1944 huet e seng Dieren zougemaach.

1949 huet den Escher Gemengerot decidéiert, d'Gebai ofrappen ze loossen, fir an d'Plaz den Escher Theater ze bauen. D'Aarbechten dofir hunn Enn der 1950er Joren ugefaangen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Joseph Flies: Das andere Esch - An der Alzette. Streifzug durch seine Geschichte. 1979, S.513.