Pierre Claude
lëtzebuergesche Politiker
De Pierre (oder Peter) Claude, gebuer de 27. November 1817 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen och do de 16. November 1890, war e lëtzebuergesche Politiker. Vu Beruff war e Bauer a Fierwer.
Pierre Claude | |
---|---|
Gebuer | 27. November 1817 |
Gestuerwen | 16. November 1890 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Pierre Claude war vun 1846 u Gemengerot zu Esch-Uelzecht a vum 12. Mäerz 1871 bis den 12. Februar 1879 Buergermeeschter vun der Gemeng Esch-Uelzecht[1].
Zu Esch gouf dann och eng Strooss, de Boulevard Pierre-Claude, no him genannt.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1876)[2]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Publikatioun vun der Demissioun vum Pierre Claude als buergermeeschter vun Esch am Memorial N°12 vun 1879
- ↑ Memorial N°10 vun 1876 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen