Postgebai Esch-Uelzecht
D'Postgebai zu Esch-Uelzecht ass e Gebai, dat 1930 fir d'Lëtzebuerger Post um Eck vun der haiteger Zénon-Bernard- an der Xavier-Brasseur-Strooss gebaut gouf.
| |
Adress |
Eck rue Xavier Brasseur/ rue Zénon Bernard |
---|---|
Koordinaten | 05° 58’ 48.8’’ E 49° 29’ 34.1’’ N |
Datum vum Bau | 1930 |
Architekte waren de Paul Flesch an den Nicolas Schmit-Noesen.
Et huet e markanten Ecktuerm, wou och d'Haaptentrée ass, op deem uewen an der Sandsteenfassad den Escher Wopen ze gesinn ass.
GeschichtÄnneren
Virun 1930 war d'Escher Post an der Uelzechtstrooss, tëscht dem Kino Métropole an dem Scholesch Eck. Dëst Gebai, dat dono als Geschäftsgebai benotzt gouf, ass 2011 verbrannt, an dat wat rescht war, gouf 2018 ofgerappt.[1]
An den ieweschte Stäck vum Gebai goufen 2009-2010 Studentewunnengen amenagéiert.[2]
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hôtel des Postes (Esch-sur-Alzette) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Scholesch Eck: Abriss hat begonnen." wort.lu, 19.04.2018.
- ↑ "Die Post als Studentenherberge." Den Escher 17, 2010, S.25.