Al Esch

Quartier vun Esch-Uelzecht


Al Esch ass e Quartier vun Esch-Uelzecht. Wéi säin Numm et noleet, ass et den historesche Kär vun der Stad, wéi en als Duerf bis an d'zweet Hallschecht vum 19. Joerhonnert bestanen huet.

Al Esch
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Geographie
Transport
Plang vum Duerf Esch, 1842 (getëppelt: Plaz vun der fréierer Stadmauer mat hiren Tierm)
Al Esch, 1860.
Al Esch, ëm 1910.

E läit an engem Hank nërdlech vun der Uelzecht an hiren Uwänner, a gëtt duerch d'rue du Fossé am Westen an am Norden, souwéi d'Lëtzebuerger Strooss am Oste limitéiert. Um Plang gesäit ee gutt déi oval Form, déi duerch déi fréier Stadmauer virgi war (Den Numm Rue du Fossé weist sengersäits drop hin, datt do de Gruef vun der Stadmauer war). D'Haaptstrooss war d'Groussgaass, déi an S-Form den Hiwwel erofgeet an déi de Breedewee (d'Strooss no Weste fir op Bieles an Éilereng) mat de Stroosse fir an d'Stad Lëtzebuerg, souwéi, um aneren Uwänner vun der Uelzecht, fir op Schëffleng, Rëmeleng a Keel, verbënnt. Do wou haut d'Stadhausplaz ass, war laang eng suppech Plaz, wou de Schmorri vun de Piffkaulen, deen den Hank erofgelaf ass, agesickert ass, an déi soss just gebraucht gouf, fir Gefierer ofzestellen oder Holz ze tässelen. Iwwer d'Uelzecht koum een iwwer eng Fuert (tëscht der haiteger Stadhaus- an Norbert-Metz-Plaz), an et gouf och eng Pont do, wann d'Uelzecht ze héich war.

Déi markantst Gebaier an Al Esch sinn haut d'Jousefskierch (1873-1877 am neogotesche Stil gebaut) an d'Escher Stadhaus (1935-1937 gebaut). Virun der Jousefskierch war et d'Jangekierch, déi joerhonnertelaang am Zentrum vum Duerf stoung. Si stoung do, wou haut d'Groussgaassschoul ass, a gouf zanter dem Mëttelalter e puermol zerstéiert an nei opgebaut, ier se fir zerguttst duerch d'Jousefskierch ersat an 1878 ofgerappt gouf, fir dem Schoulgebai Plaz ze maachen. Op der Plaz virun der Jangekierch gouf Maart a Geriicht ofgehalen. D'Haiser ronderëm ware kleng Handwierker-, Händler- a Bauerebetriber.

Mat der urbaner Entwécklung vun Esch, nodeems d'Schmelzen an d'Grouwen Dausende vu Leit ugezunn hunn, an nei Quartiere ronderëm bebaut goufen (Neiduerf, Brill, Grenz, Uecht), huet Al Esch seng Wichtegkeet verluer, besonnesch och, wéi d'Uelzechtstrooss bis ugeluecht gouf, an do den neie Geschäftszentrum entstanen ass.

Vun den 1960er Joren u gouf et verschidde Pläng, fir déi al, zum Deel delabréiert Haiser tëscht der Groussgaass an der Uelzechtstrooss komplett ofzerappen, mam ale Stroossennetz tabula rasa ze maachen a se duerch 'modern', bis zu 15-stäckeg Tierm a Bëtongskëschten, souwéi groussflächeg Plazen z'ersetzen. Et gouf awer kee richtegt Stéck domat, och, well zanter der Mëtt vun den 1970er Joren d'Stolkris ausgebrach ass an d'Gemengerecetten e gudde Krack erofgaange sinn. Et sollt bis an d'Mëtt vun den 1980er Joren daueren, bis d'Aarbechte richteg lassgoungen. Et war eng Mëschung aus restauréierter aler Bausubstanz an (deels iwwerdimensionéierten) Neibauten, bei där dat aalt Stroossennetz (Boltgen, Handelsstrooss, Vinzenzstrooss, Handwierkerstrooss, Mäertesstrooss) mat senge klenge Plazen erhale gouf. Dës Stroosse si verkéiersberouegt oder ganz fir den Autoverkéier gespaart.

Administrativ ginn haut och déi Stroosse riets vun der Uelzecht (respektiv südëstlech vun der Uelzechtstrooss) bis bei d'Gare, tëscht der Liberatiounsstrooss an der Norbert-Metz-Plaz, zum Quartier Al Esch gezielt, och wann dës net zum alen Duerfkär gehéiert hunn.

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Al Esch – Biller, Videoen oder Audiodateien