Nicolas Schmit-Noesen
lëtzebuergeschen Architekt
![]() |
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Schmit-Noesen, gebuer den 10. Oktober 1899 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen den 1. Juni 1964, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Nicolas Schmit-Noesen | |
---|---|
Gebuer | 10. Oktober 1899 |
Gestuerwen | 1. Juni 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Hie war Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.
WierkerÄnneren
- Postgebai zu Esch-Uelzecht, 1930 (zesumme mat dem Paul Flesch)
- Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht (zesumme mat dem Laurent Schmit)
- Meedercherslycéee zu Esch-Uelzecht
- Kino Empire zu Esch-Uelzecht
- Kino Rex zu Esch-Uelzecht
- Duebelhaus op Nr. 55 an Haus op Nr. 120 an der Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht
- Kierch zu Baastenduerf
- Ëm- an Ausbau vun der Villa Louvigny (1953; zesumme mam Pierre Reuter, Hubert Schumacher a Pierre Schaack)
LiteraturÄnneren
- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 197-199