Georges Traus
lëtzebuergeschen Architekt
De Jean-Pierre Georges Traus, gebuer den 10. Januar 1865 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Juli 1941, war e lëtzebuergeschen Architekt.[1],[2]
Georges Traus | |
---|---|
Gebuer |
10. Januar 1865 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Juli 1941 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Hien hat zu Paräis an zu Oochen studéiert.
1893 war hien ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.
1904 gouf hie mam Lëtzebuerger Ordre de la couronne de chêne am Grad vum Chevalier ausgezeechent.
Wierker
änneren- Dicks-Lentz-Monument, 1903 ageweit, um Square Jan Palach, Stad Lëtzebuerg
- Brill-Schoul, Esch-Uelzecht
- (fréiert) Gemengegebai vun der Stad Déifferdeng, Déifferdeng
- Schluechthaus, Hollerech
- Schluechthaus Ettelbréck, 1910, zesumme mam Michel Wolff[3].
- D'Geschäft Au Nouveau Paris (Maison Rosenstiel), 1914, an der Groussgaass[3].
- Gebai vun der Manufacture de Tabacs Heintz Van Landewyck, zesumme mam Michel Wolff, 1935-1936, Hollerech
- Pavillon vu Lëtzebuerg, zesumme mam Michel Wolff, 1935, bei der Exposition universelle et internationale de Bruxelles, Bréissel
- Wunnhaus op Nr. 60 an der Escher Strooss zu Hollerech
-
D'Dicks-Lentz-Monument
-
Privathaus 60, Escher Strooss zu Hollerech
-
Brillschoul Esch-Uelz.
-
Fréiert Stadhaus zu Déifferdeng
-
Maison Rosenstiel (2012)
-
Heintz Van Landewyck zu Hollerech
Literatur
änneren- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 169-170
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 140
- Philippart, R., 2015. Georges Traus - « architecte-artiste » qui embellit la ville. nos cahiers 2015 3/4. S.329-346.
- Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, Ss. 304, 306-307
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Luxemburger Lexikon Georges Traus, S. 428.
- ↑ De R. Philippart (2015) nennt den 12. Januar 1865 als Gebuertsdag.
- ↑ 3,0 3,1 industrie.lu