D'Carla Lucarelli, gebuer den 12. Oktober 1968 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Autorin, Regisseurin a Schauspillerin.

Carla Lucarelli
Gebuer 12. Oktober 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Si huet Literatur, Konschtgeschicht an Theaterwëssenschaften zu Lëtzebuerg, Perugia a Stroossbuerg studéiert an zu Lëtzebuerg, Paräis a Mülheim an der Ruhr eng Ausbildung an Dramaturgie gemaach.

Si schafft hallefzäit als Professesch an engem Lycée a féiert Regie bei Theaterstécker. An der lëtzebuergescher Sitcom Comeback (2012/13) war si an der Roll vun der Elisabeth, der Mamm vum Pit a vum Jacques, ze gesinn.

D'Carla Lucarelli huet beim nationale Literaturconcours 2011 fir Lyrikfetzen mit Hund und Dame eng Spezialmentioun kritt[2] an 2012 mat hirer Novell Le prix du silence déi 3. Plaz (ex aequo) beluecht[3]. Ausserdeem huet si e puer Theaterstécker geschriwwen, wouvu bis ewell der 2 opgefouert goufen: Männer plus minus zu Saarbrécken an Zwei Schwestern, Fragmente einer Verwandtschaftsgeschichte zu Miersch.[4]

Gedichter vun hir goufen an diversen Online-Zäitschrëften an Antologië publizéiert. Bei Phi koum 2012 hire Gedichtsband Aquatiques an 2013 hiren éischte Roman eraus.[4]

Wierker änneren

  • Aquatiques. Poèmes. Graphiti/Éditions Phi, 2012.
  • Terrains vagues. Microfictions. Éditions lesVenterniers, 2013
  • Carapaces. Roman. Éditions Phi, 2013
  • Dekagonon. Prose poétique / Lyrikfetzen. Editions Phi, 2016
  • La Disparition de Wanda B. Editions Phi, 2017
  • Enfance, instantanés. Editions Phi, 2020, ISBN 978-2-919791-26-2

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Carla Lucarelli am Autorenlexikon
  2. Concours littéraire national 2011. cnl.public.lu, 01-12-2011.
  3. Concours littéraire national 2012. cnl.public.lu, 28-11-2012.
  4. 4,0 4,1 Encart am forum 331, Jul-August 2013, S,32.