Nora Back

lëtzebuergesch Gewerkschaftlerin

D'Nora Back, gebuer de 17. August 1979 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaftlerin.

Nora Back
Gebuer 17. August 1979
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Psycholog
Member vun OGBL

Si ass zanter 2004 Member vun der Gewerkschaft OGB-L, wou se Zentralsekretärin vum Syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs ass. Zanter 2014 ass si zousätzlech Member vum Exekutivbüro vum OGB-L, a gouf am Juli 2018 zu der neier Generalsekretärin vun där Gewerkschaft gewielt. Si ass Aarbechtspsychologin vu Formatioun[2]. Zanter Juni 2019 ass si Presidentin vun der Chambre des salariés[3].

De 5. Dezember 2019 gouf si um Nationalkongress vum OGB-L als éischt Fra op d'Plaz vum President gewielt[4].

Literatur änneren

  • Peter Feist: "Die Nora von der coolen Clique. Porträt der neuen OGBL-Generalsekretärin Nora Back." in: d'Lëtzebuerger Land, 20. Juli 2018, Nr.29, S.6.

Referenzen änneren

  1. OGB·L-Solidarité syndicale (F2727) am Registre des bénéficiaires effectifs op lbr.lu, gekuckt den 8. Dezember 2019
  2. "Nora Back devient secrétaire générale de l'OGBL." wort.lu, 03.07.2018.
  3. "Arbeitnehmerkammer hat neue Vorsitzende." lessentiel.lu (de)
  4. OGBL: Nora Back erste Präsidentin op wort.lu de 6. Dezember 2019