De Stonnerekord um Vëlo gëtt normalerweis op der Pist gefuer an e besteet dodran déi gréisstméiglech Distanz an enger Stonn ze fueren.
Den éischte Stonnerekord gouf 1893 zu Paräis vum Henri Desgrange opgestallt mat enger Moyenne vu 35,325 km. Duerno hu vill grouss Vëloschampione probéiert dëse Rekord ze verbesseren ënner anerem de Fausto Coppi, de Jacques Anquetil an den Eddy Merckx deen 1972 zu Mexiko eng Moyenne vun 49,431 Km gefuer ass.
Duerch d'Verbesserung vun der Vëlostechnologie konnt de Chris Boardman 1996 den absolutte Rekord vu 56,375 km fueren.

Am September 2000 huet d'UCI nei Krittäre fir d'Homologatioun vun de Rekorder festgesat (Haaptsächlech wat de Vëlo selwer betraff huet) an du huet den Eddy Merckx de Rekord frësch zougesprach kritt. De Chris Boardmann klappt dëse Rekord awer am Oktober 2000 mat 49, 441 km also 10 Meter méi wéi de Merckx. 2005 verbessert den Ondřej Sosenka déi Performance op 49,700 km.

Chronologie vum Stonnerekord bei den Hären änneren

11. Mee 1893: Henri Desgrange   Frankräich 35,325 km (Paräis)
31. Oktober 1894: Jean Dubois   Frankräich 38,220 km (Paräis)
30. Juli 1897 Oscar Van Den Eynde   Belsch 39,240 km (Paräis)
9. Juli 1898 Willie Hamilton   USA 40,781 km (Denver)
24. August 1905 Lucien Petit-Breton   Frankräich 41,110 km (Paräis)
20. Juni 1907 Marcel Berthet   Frankräich 41,520 km (Paräis)
22. August 1912 Oscar Egg CHE  Schwäiz 42,360 km (Paräis)
7. Juli 1913 Marcel Berthet   Frankräich 42,741 km (Paräis)
21. August 1913 Oscar Egg CHE  Schwäiz 43,525 km (Paräis)
20. September 1913 Marcel Berthet   Frankräich 43,775 km (Paräis)
18. Juni 1914 Oscar Egg CHE  Schwäiz 44,247 km (Paräis)
25. August 1933 Jan Van Hout   Holland 44,588 km (Roermond)
29. August 1933 Maurice Richard   Frankräich 44,777 km (Saint-Trond)
31. Oktober 1935 Giuseppe Olmo   Italien 45,090 km (Mailand)
14. Oktober 1936 Maurice Richard   Frankräich 45,375 km (Mailand)
29. September 1937 Frans Slaats   Holland 45,535 km (Mailand)
3. November 1937 Maurice Archambaud   Frankräich 45,817 km (Mailand)
7. November 1942 Fausto Coppi   Italien 45,848 km (Mailand)
29. Juni 1956 Jacques Anquetil   Frankräich 46,159 km (Mailand)
19. September 1956 Ercole Baldini   Italien 46,393 km (Mailand)
18. September 1957 Roger Rivière   Frankräich 46,923 km (Mailand)
29. September 1958 Roger Rivière   Frankräich 47,346 km (Mailand)
30. Oktober 1967 Ferdinand Bracke   Belsch 48,093 km (Roum)
10. Oktober 1968 Ole Ritter   Dänemark 48,653 km (Mexico)
25. Oktober 1972 Eddy Merckx   Belsch 49,431 km (Mexico)
27. Oktober 2000 Chris Boardman   Vereenegt Kinnekräich 49,441 km (Manchester)
19. Juli 2005 Ondřej Sosenka   Tschechesch Republik 49,700 km (Moskau)

Bescht Leeschtungen an der Stonn bei den Hären änneren

(Net homologéiert)

19. Januar 1984 Francesco Moser   Italien 50,808 km (Mexico)
23. Januar 1984 Francesco Moser   Italien 51,151 km (Mexico)
17. Juli 1993 Graham Obree   Vereenegt Kinnekräich 51,596 km (Hamar)
23. Juli 1993 Chris Boardman   Vereenegt Kinnekräich 52,270 km (Bordeaux)
27. Abrëll 1994 Graham Obree   Vereenegt Kinnekräich 52,713 km (Bordeaux)
3. September 1994 Miguel Indurain   Spuenien 53,040 km (Bordeaux)
22. Oktober 1994 Tony Rominger CHE  Schwäiz 53,832 km (Bordeaux)
5. November 1994 Tony Rominger CHE  Schwäiz 55,291 km (Bordeaux)
6. September 1996 Chris Boardman   Vereenegt Kinnekräich 56,375 km (Manchester)

Chronologie vum Stonnerekord bei den Dammen änneren

7. Juli 1955: Tamara Novikova   Sowjetunioun 38,473 km (Irkoutsk)
18. September 1957: Renée Vissac   Frankräich 38,569 km (Mailand)
25. September 1958 Mildred Robinson   Vereenegt Kinnekräich 39,718 km (Mailand)
9. November 1958 Elsy Jacobs   Lëtzebuerg 41,347 km (Mailand)
25. November 1972 Maria Cressari   Italien 41,471 km (Mexico)
16. September 1978 Cornella Van Oosten   Holland 43,082 km (München)
20. September 1986 Jeannie Longo   Frankräich 44,770 km (Colorado Springs)
23. September 1987 Jeannie Longo   Frankräich 44,933 km (Colorado Springs)
1. Oktober 1989 Jeannie Longo   Frankräich 46,352 km (Mexico)
29. Abrëll 1995 Catherine Marsal   Frankräich 47,112 km (Bordeaux)
17. Juni 1995 Yvonne McGregor   Vereenegt Kinnekräich 47,411 km (Manchester)
26. Oktober 1996 Jeannie Longo   Frankräich 48,159 km (Mexico)

Bescht Leeschtungen an der Stonn bei den Dammen änneren

(Net homologéiert)