Fausto Coppi
Den Angelo Coppi genannt Fausto, gebuer de 15. September 1919 zu Castellania am Piemont a gestuerwen den 2. Januar 1960 zu Torona, war en italieenesche professionelle Vëlossportler. Hie war e vun de wéinegen dee Campionissimo, Super-Champion, genannt gouf.
Fausto Coppi | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Angelo-Fausto Coppi |
Gebuer | 15. September 1919 |
Gestuerwen | 2. Januar 1960 |
Doudesursaach | Malaria |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Gréisst | 177 cm |
Veräin/Ekipp |
Legnano, Carpano, Bianchi, Bianchi |
Huet matgemaach bei | Tour de France |
Famill | |
Geschwëster | Serse Coppi |
![]() |

Hie war den éischte Coureur deen et fäerdeg bruecht hat an engem Joer den Tour de France an de Giro d'Italia ze gewannen, an zwar 1949 an 1952.
Hien hat am Ganze fënnefmol de Giro gewonnen, zweemol den Tour de France, fënnefmol den Giro di Lombardia, dräimol Milano-Sanremo, eemol Paris-Roubaix, eng Flèche wallonne. Hien hat véiermol déi Italieenesch Landesmeeschterschaften heemgeschleeft, an dräi Weltmeeschtertitelen an d'Täsch gestach, dovun 1 op der Strooss an zwéin an der Poursuite. Tëscht 1942 an 1956 huet hien de Stonneweltrekord gehalen.
Hien ass mat enger Malariainfectioun gestuerwen.

Um Spaweck
ännerenCommons: Fausto Coppi – Biller, Videoen oder Audiodateien |