De Stadpark vun Dikrech (Parc municipal) ass en ëffentleche Park zu Dikrech. En zitt sech op béide Säite laanscht d'Sauer vun der Dikrecher Gemengegrenz zu Angelduerf (am Südwesten) bis bei d'Bettenduerfer Gemengegrenz zu Gilsdref (am Nordosten). Am Park, deen ongeféier 100 m breet a ronn annerhallwe km laang ass, sti Monumenter a Skulpturen. De Park ass d'ganzt Joer fräi zougänglech; d'Mëttelsauer-Vëlospist leeft doduerch.

Stadpark vun Dikrech
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dikrech
Plaz Angelduerf, Dikrech
Koordinaten 49°51'45,000"N, 6°9'2,999"O
Dimensiounen a Geographie
Längt ± 1.500 m
Breet ± 100 m
Flëss Sauer

Beschreiwung änneren

Am Deel vum Park beim Stadzentrum, an der Avenue de la Gare, gëtt et e Waasserspill an Ieselskulpturen.[1] Am Park sinn zwou Spillplazen um lénksen Uwänner vun der Sauer: eng bei der Avenue de la Gare[2] an eng beim Restaurant Al-Schwemm[3]. Op der rietser Säit vun der Sauer, laanscht der Sauerdall-Vëlospist, op der Héicht vum Restaurant Al Schwemm, läit den 11,2 Hektar groussen Naturentdeckungspark (Parc découverte de la nature)[4].

D'Dikricher Béierfest gëtt gewéinlech all Summer am Park organiséiert.

Brécken iwwer d'Sauer (flossof gekuckt) änneren

  • d'Passerelle mat Kanupist dernieft vun 2015 (Plaz7), déi vun der Route d'Ettelbruck aus an den Naturentdeckungpark féiert,
  • D'Ficellesbréck, vun 1975 mam opfällege roude Pilier (Plaz7), déi d'Avenue de la Gare mat der Promenade de la Sûre verbënnt,
  • D'Sauerbréck vun 1842 (Plaz7),
  • D'Passerelle (Plaz7), 2005 ageweit, déi d'Rue Clairefontaine mam Camping de la Sûre verbënnt.

Monumenter a Konscht änneren

Am Parc municipal sinn (eent nom anere flossop):

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stadpark vun Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg. Bradt Travel Guides, 2018, p. 201. ISBN 9781784776008
  2. Parc Municipal de Diekirch avec aire de jeux, www.diekirch.lu
  3. Parc Municipal „Al Schwemm“, www.diekirch.lu
  4. Dominique Auzias, Jean-Paul Labourdette: Luxembourg. Petit Futé, 2020. ISBN 9782305020822
  5. Luxemburg (ed.): L'Inauguration d'un Monument à la mémoire de l'ancien Ministre d'Etat Paul Eyschen. In: Bulletin de Documentation, 30 September 1961, No. 12, p. 8–13. (online)
  6. 6,0 6,1 6,2 Enrico Lunghi: Un été culturel riche et original: Symposium international de sculpture à Diekirch. In: Luxemburger Wort, 25 Juli 1990, p. 4
  7. 7,0 7,1 7,2 Paul Bertemes: Skulpturen an der Sauer: Zum ersten internationalen Bildhauersymposion in Diekirch. In: d'Lëtzebuerger Land Vol. 32, 10 August 1990, p. 7 (online)