Distrikt Dikrech

fréieren Distrikt zu Lëtzebuerg
Kaart

rout: Kantonen am Distrikt
gro: Aner Distrikter
Basisdonnéeën
Chef-lieu:Dikrech
Fläch:1.157,24 km²
- Plaz:1. vun 3
Awunner:85.439[1](01.01.2015)
- Plaz:2. vun 3
Bevëlkerungsdicht:74 Awunner/km²

Den Distrikt Dikrech war tëscht 1843[2] an dem 3. Oktober 2015[3] ee vun dräi Distrikter zu Lëtzebuerg a bestoung aus fënnef Kantonen:

  1. Klierf
  2. Dikrech
  3. Réiden
  4. Veianen
  5. Wolz

Den Distrikt Dikrech huet am Norden an am Westen un d'Provënz Léck gegrenzt an un d'Provënz Lëtzebuerg an der Belsch, am Süden un den Distrikt Lëtzebuerg, am Südosten un den Distrikt Gréiwemaacher an am Osten un d'Rheinland-Pfalz an Däitschland.

Vun 1857 bis 1867 huet de Kanton Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert[4],[5].

Lëscht vun den Distriktskommissären änneren

Dëst ass eng Lëscht vun de Kommissäre vum Distrikt Dikrech:

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
vun bis Numm Bemierkung
1842 1842 J. Vannérus provisoresch[6]
1843[6] ? Jean-Baptiste Félicien Mersch op d'mannst bis 1850[7]
1885 1893[8],[9] Auguste Landmann
1893 1895[10] Rodolphe Heck
1903[11] ? Théophile Schiltz
? ? ? Schiltz am Joer 1911 am Amt[12]
? ? ? Simons am Joer 1930 am Amt[13]
? ? André Origer

Referenzen änneren

  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012
  2. Loi du 24 février 1843 sur l'organisation communale et des districts. legilux.lu (03.04.1843). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  3. Loi du 2 septembre 2015 portant abolition des districts (...). legilux.lu (09.09.2015). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  4. Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. legilux.lu (03.06.1857). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  5. Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  6. 6,0 6,1 « Arrêté royal grand-ducal du 11 octobre 1842, N° 1860b, concernant la nomination du sieur Jean- Baptiste-Félicien MERSCH, aux fonctions de Commissaire de district de Diekirch. - Legilux », op legilux.public.lu (consulté le 11 avril 2021)
  7. Courrier du Grand-duché de Luxembourg, « Le commissaire du district », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 11 avril 2021)
  8. L'indépendance luxembourgeoise, « Commissariats de district », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 10 avril 2021)
  9. L'indépendance luxembourg, « Sans titre », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 12 avril 2021)
  10. L'indépendance luxembourgeoise, « Nouvelles officielles », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 12 avril 2021)
  11. L'indépendance luxembourgeois, « Commissariats de district », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 11 avril 2021)
  12. L'indépendance luxembourgeoise, « Nouvelles de la Cour », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 11 avril 2021)
  13. L'indépendance luxembourgeoise, « Novembre 1830 », op eluxemburgensia.lu,‎ (consulté le 11 avril 2021)

Um Spaweck änneren

Commons: Distrikt Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien