Sextans (Stärebild)

Stärebild

De Sextans ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Sextans
Lëtzebuergeschen Numm Sextant
Laténgeschen Numm Sextans
Laténgesche Geenitiv Sextantis
Laténgesch Ofkierzung Sex
Rektaszensioun 9h 41m bis 10h 52m
Deklinatioun +6° 30’ bis -11° 40’
Fläch 314 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 78° Nord bis 83° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Sextantis,
4,49m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzärensënn)
Leo
Hydra
Crater
Kaart vum Stärebild Sextans

Beschreiwung änneren

De Sextans ass en onschäinbaart Stärebild, dat um Nuetshimmel kaum z'erkennen ass. Nëmmen ee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 5. Gréissteklass. De Sextans läit tëscht dem markante Leo (Léiw) an der laang gestreckter Hydra (Waasserschlaang).

Am Sextants sinn en ettlech Galaxien.

Geschicht änneren

D'Stärebild gouf am Joer 1690 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Et soll de Sextant duerstellen, mat deem hien d'Stärepositioune vermooss huet.

Virum Hevelius hat de Pater Antoine de Rheita 1643 d'Stäre vun där Himmelsregioun zum Schweessduch Christi zesummegefaasst. Dësen Numm konnt sech awer net duerchsetzen.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 15 4,49 287 A0 III
γ 8 5,05 262 A2 V
β 30 5,09 345 B6 V
δ 29 5,21 300 B9.5 V
ε 22 5,24m 183 F2 III
18 5,65
19 5,77
35 5,79
41 5,79
17 5,91
25 SS 5,97v
6 6,01
7 6,02
14 6,21
4 6,24
33 6,26
36 6,28
26 6,33
37 6,38
13 6,45
27 6,55
34 6,57
40 6,61
23 RS 6,66v
12 6,70
9 6,72
21 6,97
31 6,98
20 7,37

Den hellste Stär am Sextans ass den α Sextantis, hien ass 287 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et handelt sech ëm ee Stär, dee blowäiss liicht, a gehéiert zu der Spektralklass A0 III. Seng Uewerflächentemperatur ass 15.000° Celsius.

Duebelstären änneren

System m Ofstand
γ 5,6 / 6,1 0,6"
35 6,1 / 7,2 6,8"

Den γ Sextantis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 262 Liichtjoer. Déi béid Komponente si Stären, déi blo-wäiss liichten a gehéieren zu de Spektralklassen A1 an A4. Hire klenge Wénkelofstand miesst nëmmen 0,6 Bousekonnen.

D'System 35 Sextantis läit 800 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stären, déi orange liichten an zu de Spektralklasse K3 a K0 gehéieren.

Verännerlech Stären änneren

Objet m Period Typ
β α2 Canis Venaticorum-Stär

De β Sextantis läit 345 Liichtjoer vun eis ewech an ass e verännerleche Stär vum Typ α2 Canis Venaticorum.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner m Typ Numm
3115 9,1 Galaxie Spëndelgalaxie
3156 12,4 Galaxie
3165 13,9 Galaxie
3166 10,4 Galaxie
3169 10,2 Galaxie

Den NGC 3115 ass eng Galaxie, déi op der Kant läit a 25 Millioune Liichtjoer wäit ewech ass, d. h., mir gesinn d'Galaxie vun der Säit.

D'Galaxien NGC 3156, NGC 3165, NGC 3166 an NGC 3169 maachen eng Grupp vu Galaxien op enger Distanz vu 60 Millioune Liichtjoer. D'Galaxien NGC 3166 an NGC 3169 si nëmme ronn 50.000 Liichtjoer vuneneen ewech. Wéinst der Gravitatiounwierkung beaflosse si sech géigesäiteg an hire Strukturen.

Well d'Galaxiëgrupp relativ wäit ewech ass an domat liichtschwaach ass, brauch ee fir eng Observatioun e groussen Teleskop.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Sextans – Biller, Videoen oder Audiodateien