Ministère des Affaires intérieures

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Inneministère)

Den Inneministère oder Ministère fir bannenzeg Affären (fr: Ministère des Affaires intérieures, gekierzt MAINT) ass e Ministère zu Lëtzebuerg. Virum 17. November 2023 housch e Ministère de l'intérieur.

Ministère des Affaires intérieures
Ministère fir bannenzeg Affären
Land Lëtzebuerg
Minister Léon Gloden
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 19, rue Beaumont L-1219 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://maint.gouvernement.lu/

Allgemenges änneren

De Ministère ass verantwortlech fir déi kommunal Ugeleeënheeten, d'Gemengefinanzen, d'Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit, d'stättesch Entwécklung, d'zivil Sécherheet, d'bannenzeg Sécherheet an d'Immigratioun.

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënner d'Kompetenz vum Inneministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1].

  • Kommunal Ugeleeënheeten: Gemengegesetzgebung; Gemengewalen; Gemengefinanzen a Subside fir d'Gemengen; Grondsteier; nationale Regëster vun de Gebaier an de Logementer; Regëster vun de Logementer déi eidel stinn a Steieren dozou; Administrativ kommunal Strofen; National Gielercher op Gemengenniveau; Examen a Formatioun vum Gemengepersonal; Gemengefusiounen; Pensiounskeess vum Gemengepersonal
  • Kommunalplanung a stättesch Entwécklung
  • Zivil Sécherheet an Noutdéngschter: Allgemeng zivil Sécherheetspolitik; Nationale Organisatiounsplang vun den Hëllefsdéngschter; Europäesch an international Relatiounen am Beräich vun der ziviller Sécherheet
  • Bannenzeg Sécherheet: Allgemeng bannenzeg Sécherheetspolitik; Gesetzgebung iwwer d'Police, d'Generalinspektioun vun der Police a Visupol
  • Immigratioun: Allgemeng Immigratiouns- an Asylpolitik; Fräie Persouneverkéier an Immigratioun; internationalen an temporäre Schutz; Koordinatioun vun de Baussegrenzen; Retour vun irreguläre Persounen; Statut vun Apatriden; Reesdokumenter fir Auslänner; Europäesch Politik an international Relatiounen am Beräich vun der Immigratioun an dem Asyl; Centre de rétention.

Ënner der Tutelle vum MAINT änneren

Verwaltungen änneren

Ëffentlecht Etablissement änneren

Conseils supérieurs änneren

  • Conseil supérieur vun de Gemengefinanzen
  • Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère des Affaires intérieures – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung


Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.