Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Passeur ass eng Persoun déi aner Leit, déi heemlech an illegal e Land wëlle verloossen, dee beschten an onopfällegste Wee weist an hinnen hëlleft d'Grenz ze „passéieren“. De Passeur setzt sech dobäi enger relativ grousser Gefor aus.

Déifferdeng: Monument vun de Passeuren
Péiteng: Borne du Passeur

Am Zweete Weltkrich änneren

Passeuren zu Lëtzebuerg änneren

D'Aféierung vum Reichsarbeitsdienst (RAD) a besonnesch d'Aféierung vun der Zwangsrekrutéierung hunn et mat sech bruecht datt vill Lëtzebuerger decidéiert hu virun der Naziherrschaft fortzelafen a si hu probéiert fir iwwer d'belsch oder d'franséisch Grenz ze kommen. D'Resistenzorganisatiounen hu verschidde Fluchtweeër (Filièren) organiséiert a lëtzebuergesch, franséisch a belsch Passeuren hu gehollef, méi wéi 1.100 Deserteuren a politesch Verfollegt, déi virdru falsch Pabeiere kruten, iwwer d'Grenz ze bréngen.

Nom Krich änneren

Direkt no der Liberatioun haten d'Lëtzebuerger Passeuren a Filieristen d'Iddi sech an engem Veräin ze regruppéiere fir den Ekippen- a Patriotissemsgeescht, dee si wärend der Naziokkupatioun zesummegehalen huet, net ze verléieren. Et huet awer bis 1960 gedauert bis d'Union nationale des passeurs et filiéristes luxembourgeois (UPAFIL) gegrënnt gouf.

Erënnerungen un d'Passeursaktivitéiten änneren