Selz

Uertschaft an de Gemengen Tandel a Bettenduerf
(Virugeleet vu(n) Seltz)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Selz (och alt Sëlz) ass eng Uertschaft an de Gemengen Tandel a Bettenduerf.

Selz
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Seltz
de: Seltz
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Dikrech
Gemeng Tandel
Bettenduerf
Buergermeeschter Carole Gils
Pascale Hansen (DP)
Awunner 96
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 52’ 44.6’’ N
      06° 11’ 17.9’’ O

An der Uertschaft gëtt et 8 Haiser. Dovu gehéieren der 5 zur Gemeng Tandel an 2 zur Gemeng Bettenduerf. Een Haus (3, Longsdrëfferstrooss) steet genee op der Grenz vun den zwou Gemengen, respektiv Kantonen[1].

Geographie änneren

D'Uertschaft läit un der N17 tëscht der Bleesbréck an Tandel, a laanscht den CR354 deen op Longsdref féiert, um Fouss vun der Kopp mam Numm Kämmchen, am Dall vun der Blees an hirer Niewebaach der Ramgriecht.

Geschicht änneren

Bis zur Fusioun den 1. Januar 2006, aus där d'Gemeng Tandel entstanen ass, war d'Selz eng Uertschaft an der fréierer Gemeng Baastenduerf respektiv an der Gemeng Bettenduerf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Selz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op geoportail.lu gekuckt, den 23. Februar 2018