Internationale Filmfestspiele Berlin

(Virugeleet vu(n) Berlinale)

De Filmfestival vu Berlin, offiziell Internationale Filmfestspiele Berlin oder einfach Berlinale, ass e bedeitende Filmfestival an der däitscher Haaptstad Berlin. E gëtt all Joer am Februar organiséiert.

De rouden Teppech vun der Berlinale 2017

GeschichtÄnneren

D'Berlinale gouf 1951 op Initiativ vum US-amerikanesche Militär, dat deemools ee Secteur vum gedeelte Berlin besat hat, an d'Liewe geruff. Et war den Ufank vum Kale Krich, an de Filmfestival sollt eng "Vitrinn vun der fräier Welt" fir d'Berliner Publikum sinn. Ënnert dem Motto "Schaufenster der freien Welt" gouf dunn och vum 6. Juni 1951 un déi éischt Editioun organiséiert. Den éischte Film, dee gewise gouf, war dem Alfred Hitchcock säi Rebecca.

Op den Internationale Filmfestspiller goufe keng Filmer aus sozialistesche Länner gewisen. Zu Ostberlin gouf als Reaktioun eng Woch nom Enn vun der éischter Berlinale de Festival des volksdemokratischen Films organiséiert, op deem haaptsächlech Filmer aus dem deemolegen Ostblock gewise goufen.[1]

Zënter dem Ufank gëtt den Haaptpräis vum Festival, de "Gëllene Berliner Bier", verdeelt. D'Präisskulptur gouf vun der däitscher Kënschtlerin Renée Sintenis entworf. An den éischte Jore goufen d'Präisdréier nach deelweis duerch eng Publikumswal bestëmmt. Nodeem d'Fédération internationale des associations des producteurs de films (FIAPF) de Berliner Festival offiziell mat de Festivalle vun Cannes, Venedeg a Locarno gläichgestallt hat, huet sech dat dem FIAPF-Reglement entspriechend no geännert. 1956 koum fir d'éischt eng international Jury zesummen, déi e "Gëllenen" an e "Sëlwere Bier" verdeelt huet.

Ufanks war d'Berlinale virun allem e Publikums- a Glamourfestival, op deem sech vill Filmstare presentéiert hunn. Géint Enn vun den 1960er huet sech d'Ausriichtung vum Festival wéinst der gesellschaftlechen an der politescher Polariséierung geännert. Esou koum et 1970 zum Eclat, wéi dem Michael Verhoeven säi Film o.k. iwwer de Vietnamkrich esou een heftege Sträit ausgeléist huet, datt d'Jury zréckgetrueden ass, weider Filmvirféierungen ofgesot a fir déi bis haut eenzeg Kéier kéng Präisser méi verdeelt goufen. Wéi de Willy Brandt Bundeskanzler gouf a mat senger neier Ostpolitik ënner anerem fir e kulturelle Rapprochement mat den Ostblock-Staate gesuergt huet, gouf 1974 mat S toboy i bez tebya ("Mat dir an ouni dech") vum Rodion Nachapetow an 1975 mat Jakob der Lügner fir d'éischt e Film aus der Sowjetunioun an aus der DDR gewisen.

Nieft dem gëllenen an dem sëlwere Bier ginn nach eng ganz Rei aner Präisser während dem Festival verdeelt, ënner anerem den "DAAD-Kurzfilmpreis", de "Gläserner Bär" (fir Kanner- a Jugendfilmer) an de "Berlinale Dokumentarfilmpreis". Da verdeelen och aner Juryen, déi vum Festival onofhängeg sinn, de "FIPRESCI-Präis" (de Präis vun der internationaler Associatioun vun de Filmkritiker), de "Preis der Lesejury der Berliner Morgenpost", den "Teddy Award" (fir LGBTIQ-Filmer) an de "Preis der Ökumenischen Jury" (fir Filmer mat wichtege sozialen an interreliéisen Themen).

HomepageÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. magdeburg-kompakt.de: 70 Jahre DEFA – Vom Filmaktiv zum Staatsbetrieb vum Cornelia Stahl(3. Mee 2016)