Nërdleche Stärenhimmel
Den nërdlechen Himmel (Nordstärenhimmel, nërdleche Stärenhimmel) ass déi Hallschent vum Stärenhimmel, déi nërdlech vum Himmelsequator läit. Hie ka vum Nordpol aus ganz iwwerbléckt ginn.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c7/North_Hemisphere.png/220px-North_Hemisphere.png)
(Legend engl.)
Bei gudder Siicht ëmfaasst den nërdleche Stärenhimmel ronn 2000 fräi mat bloussem A siichtbar Stären, bei Gebrauch vun enger Spektiv ongeféier 20.000 bis 40.000 Stären. A Groussstied gesäit een, jee no Liicht- a Loftverschmotzung, ongeféier 200 bis 500 Stären. Déi hellst Stäre sinn all méi grouss wéi eis Sonn, den hellsten (mat visueller Hellegkeet 0,0 mag, d'Vega am Stärebild Lyra) huet e 4-fache Sonneradius, duebel Temperatur (12.000 °C) an ass 25 Liichtjoer vun eis ewech.
Den nërdlechen Himmel weist eppes manner Fixstäre wéi de südlechen Himmel, well den Zentrum vun der Mëllechstrooss ongeféier 20° südlech vum Equator, am Stärebild Sagittarius läit. Vun deene 14 hellste Stären (bis Hellegkeet 1,0) sinn der 7 um Nord- a Südhimmel, an dat grousst Wantersechseck läit gréisstendeels um nërdlechen Himmel, deen am Wanter de schéinsten Ubléck bitt.
Den exakten Zentrum vum nërdlechen Himmel ass déi verlängert Äerdachs, den Himmelsnordpol. Knapps 1° vun him ewech zitt de Polarstär nuets säi klenge Krees, 30-40° weider déi opfälleg Stärebiller Cassiopeia an den Ursa Major.
Queesch iwwer den nërdleche Stärenhimmel zitt sech dat schwaach liichtend Band vun der Mëllechstrooss – ënner anerem duerch d'Stärebiller Gemini, Perseus, Cassiopeia a Cygnus, wou si sech visuell deelt.
Beim Iwwergank zum südlechen Himmel läit, no beim Himmelsequator, dat bekannt Wanterstärebild Orion.
Wärend een um Equator zu jiddwer Jores- an Nuetszäit genee d'Hallschent vum nërdlechen Himmel iwwerbléckt, gesäit een an de mëttlere Breede vun Europa 70–80 Prozent vum Nordhimmel, souwéi a südlecher Bléckrichtung en Deel vum Südleche Stärenhimmel.