De Südpol ass ee vun zwéi geographesche Polen an am allgemenge Sproochgebrauch de südlechste Punkt vun der Äerd. E läit an Antarktika an entsprécht dem südlechen Dréipunkt vun der Äerdachs; e gëtt och als geographesche Süddpol bezeechent. Donieft gëtt et och den antarktesche Magnéitpol, den antarktesche geomagnéitesche Pol souwéi de Südpol vun der Inaccessibilitéit.

Kaart vun der Antarktis mam Südpol
Geographesche Südpol, lénks den US-Fändel, an der Mëtt eng Gedenkplack, d'Staang riets am Bild kennzeechent d'Polachs
Zeremonielle Südpol, mat ronderëm de Fändele vun den Staaten déi den Antarktika-Traité mat ënnerschriwwen hunn
Déi nei Amundsen-Scott-Südpolstatioun (Situatioun 2005). De geographesche Südpol ass mat de Fändelen am Hannergrond markéiert
D'Südpolgebitt mat Deeler vun Afrika, Australien, Neiséiland a Südamerika

Déi dräi Pole vun der südlecher Hemisphär änneren

Geographesche Südpol änneren

De geographesche Südpol gëtt vun der Äerdrotatioun festgeluecht. E läit um südlechen Enn vun der Äerdachs als Antipod vum Nordpol an huet eng fest Positioun bei der geographescher Breet vun 90° 0′ S (Koordinaten: 90° 00’ 0’’ S 00° 00’ 0’’ W). Sou riicht sech de Bléck vun do aus an der Horizontalen nëmmen an eng Himmelsrichtung: no Norden. De Südpol huet keng eendeiteg geographesch Längt. De geographesche Südpol läit um Festland vun der Regioun Ostantarktika ënnert dem éiwegen Äis, dat op dëser Plaz eng Héicht vu bis zu 2.800 Meter iwwer dem Mieresspigel huet.

Antarktesche Magnéitpol änneren

Den antarktesche Magnéitpol ass dee Punkt vun der südlecher Hemisphär, wou d'magnéitesch Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld vertikal zur Uewerfläch stinn.

Déi üblech Kompassen, deenen hir Nol nëmmen ëm déi vertikal Achs dréibar ass, weisen an der Ëmgéigend vum antarktesche Magnéitpol „iergendwou“ hin, well keng horizontal Feldlinnen do sinn. E Kompass dee fir sou Miessunge speziell entwéckelt gouf, weist um antarktesche Magnéitpol opgrond vun de Gesetzer vum Magnetismus mat senger „Süd“-Markéierung a Richtung vum Äerdmëttelpunkt. Den antarktesche Magnéitpol ass am physikalesche Sënn den Nordpol vum Äerdmagnéitfeld.

Den antarktesche Magnéitpol ass deemno net uertsfest, mä e verännert sech stänneg a läit am Moment(Situatioun 2007) net méi um Festland, mä am Mier bei ca. 64° 04’ 12.0’’ S 135° 52’ 48.0’’ E[1]ronn 30 km nërdlech vun der Zong vum Dibble-Gletscher op der Clarie Küst, am Wilkes-Territoire.

D'Distanz tëscht dem geographesche Südpol an dem antarktesche Magnéitpol ass ongeféier 2.858 km[1].

Antarktesche geomagnéitesche Magnéitpol änneren

Den antarktesche geomagnéitesche Pol op der südlecher Hemisphär ass en theoretesche Pol vum onreegelméissegen Äerdmagnéitfeld an entsprécht der Suppositioun, datt am Äerdmëttelpunkt e Stafmagnéit dran ass. Am Joer 2020 louch den antarktesche geomagnéitesche Pol op ongeféier 80° 39’ 00’’ S 107° 19’ 12’’ E an der Géigend vun der Wostok-Statioun, Ostantarktika[1].

Südpol vun der Inaccessibilitéit änneren

De Südpol vun Inaccessibilitéit ass der Definitioun no dee Punkt vun der Antarktis, deen am wäitste vun alle Küstelinnen ewech läit. E läit bei 83° 50’ 0’’ S 65° 47’ 0’’ E (op d'Äisfläch bezunn) oder bei 77° 15’ 0’’ S 104° 39’ 0’’ E (op d'Landmass bezunn). E läit ronn 870 km vum Südpol ewech[1] a gouf fir d'éischt 1958 mat Schnéigefierer vu sowjetesche Fuerscher erfuerscht.

Exploratioun (Auswiel) änneren

Déi éischt Mënschen, déi de geographesche Südpol erreecht hunn, waren den Norweger Roald Amundsen a seng Expeditiounsekipp (Olav Bjaaland, Helmer Hanssen, Sverre Hassel, Oscar Wisting). Si sinn de 14. Dezember 1911 um Südpol ukomm. Den Amundsen huet säi Lager Polheim genannt an de Plateau ronderëm de Pol „Haakon VIIs Vidde“ (Plateau vum König-Haakon-VII), zu Éiere vum Kinnek Haakon VII. vun Norwegen.

Dem Amundsen säi Konkurrent fir den Titel vum „Éischten um Südpol“, den Englänner Robert Falcon Scott a seng Ekipp (Henry Robertson Bowers, Edward Adrian Wilson, Lawrence Oates, Edgar Evans) sinn ee Mount nom Amundsen, de 17. Januar 1912, um Südpol ukomm. Op der Réckrees ass déi ganz Ekipp wéinst der extremer Keelt an duerch Ënnerernärung ëmkomm.

Nom Amundsen an dem Scott huet et bal 45 Joer gedauert bis nees e Mënsch um Südpol war. Den 31. Oktober 1956 sinn de Konteradmirol George J. Dufek a seng Expeditiounsgrupp vun der US Navy mat engem Militärfliger (Douglas DC-3/R4D) ukomm. Si haten den Optrag, de Bau vun der Amundsen-Scott-Südpolstatioun ze preparéieren. Am Laf vun de Méint duerno gouf d'Statioun opgeriicht an ekipéiert. D'Statioun funktionéiert zanterhier ouni Ënnerbriechung.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Südpol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 (en)Poles and directions. www.antarctica.gov.au (2020-10-27). Gekuckt de(n) 2023-12-06.