Polaris Australis (Stär)
Polaris Australis de Stär σ am Stärebild Octans. Sigma Octantis ass dat südlecht Géigestéck zum Polarstär, well hien ass deen dem südlechen Himmelspol am nooste leienden Stär, dee mat bloussem A ze gesinn ass. Duerch seng schwaach Hellegkeet vun nëmme 5,47m ass hien net als Navigatiounshëllef geeegent. Den σ Octantis huet d'Katalogbezeechnungen HR 7228 an HD 177482. Hie gehéiert zu der Spektralklass F0III a läit ronn 270 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datenbank).

Um Fändel vu Brasilien ass de Stär Polaris Australis ze gesinn.
Koordinaten änneren
- Rektaszensioun: 21h08m46,2s
- Deklinatioun: -88°57'23"
Um Spaweck änneren
• (en) http://www.astro.wisc.edu/~dolan/constellations/hr/7228.html