Association luxembourgeoise des journalistes

D'Association luxembourgeoise des journalistes, kuerz ALJ, ass eng Beruffsvereenegung vu Journalisten zu Lëtzebuerg.

D'ALJ gouf 1925 ënner dem Numm ALJP gegrënnt. Duerch Ofspléckunge vun der ALJ sinn 1977 d'Union des journalistes Luxembourg an 2004 de Syndicat des journalistes - Luxembourg entstanen.

De 24. Oktober 2017 huet d'ALJ - mat zwéin anere Journalisteverbänn, der Union des Journalistes Luxembourg an dem Syndicat des Journalistes - Luxembourg - fusionéiert, fir sech zesummen an enger neier Vereenegung, der Association luxembourgeoise des journalistes professionnels fir d'Interessie vun de Journaliste staark ze maachen[1].

Presidenten änneren

Um Spaweck änneren

  1. Luc Caregari éischte President vum neie Journaliste-Verband op wort.lu de 24. Oktober 2017, gekuckt de 24. Oktober 2017