Joanne Goebbels
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Joanne Goebbels gebuer ëm 1980, ass eng lëtzebuergesch Literaturwëssenschaftlerin a Professesch.
Joanne Goebbels | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Sorbonne – Paris IV |
Aktivitéit | Fonctionnaire, Literaturwëssenschaftler, Politiker, Lycéesprofesser |
Partei | LSAP |
Famill | |
Papp | Robert Goebbels |
![]() |
Studium Änneren
No hirer Première am Stater Kolléisch 1998[1] huet d'Joanne Goebbels vun 1999 bis 2004 op der Sorbonne studéiert[1] an eng Maîtrise a Literaturwëssenschaft an en Diplôme d'études approfondies en littérature comparée – spécialisation littérature francophone gemaach.
Berufflech Karriär Änneren
Si ass Franséischprofessesch[2] an zanter 2018 Sousdirektesch am Stater Kolléisch.
D'Joanne Goebbels ass Vizepresidentin vun der LSAP-Sektioun vun der Stad Lëtzebuerg (Stand 2020).[3]
Si gouf de 24. Abrëll 2020 vum Regierungsrot als Nofollgerin vun der Monique Kieffer op d'Plaz vum Direkter vun der Nationalbibliothéik proposéiert[4]. Nodeems eng gewësse Kontrovers géint hir Nominatioun entstane war, huet si hir Kandidatur zeréckgezunn an de Regierungsrot huet de Claude D. Conter doropshin dem Grand-Duc als Direkter vun der Nationalbibliothéik proposéiert[3][3][5].
Si ass d'Duechter vum Robert Goebbels[6].
Referenzen Änneren
- ↑ 1,0 1,1 Informatioun op hirem Linkedin-Profil, gekuckt de 25. Abrëll 2020
- ↑ "Le LSAP dévoile ses candidats pour les européennes." leqoutidien.lu, 28/02/19 17:27
- ↑ 3,0 3,1 3,2 C./dc0, 2020. Claude Conter übernimmt BNL-Spitze. Nominierte Direktorin Joanne Goebbels zieht sich nach der "heftigen öffentlichen Diskussion" zurück. Luxemburger Wort vum 26. Mee 2020, S. 20.
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Nomination de Joanne Goebbels au poste de directrice de la Bibliothèque nationale du Luxembourg." Communiqué vum 24. Abrëll 2020 op gouvernement.lu.
- ↑ Joanne Goebbels zitt sech zréck, Claude D. Conter iwwerhëlt vum Monique Kieffer op rtl.lu 25.05.2020 18:21
- ↑ Luc Caregari: "Népotisme." woxx.lu, 2020-04-25.