.dok - den oppene kanal ass e Lëtzebuerger Televisiounsprogramm, deen zanter 2003 vun der Dok S.A. iwwer d'Kabelnetzer vu verschiddenen Télédistributeure verbreet gëtt.

.dok definéiert sech selwer als "Kanal" amplaz als Tëleesprogramm, well et jiddwerengem d'Méiglechkeete gëtt, eng Emissioun zu engem Sujet vu senger Wiel (am Aklang mat engem Cahier des charges) ze realiséieren.

Eng kleng Ekipp, de Journalist Maurice Molitor an de Jurist Patrick Gregorius féieren d'Entreprise.

Donieft produzéiert d'Dok S.A. och d'dok Show, eng Talkshow, déi vum Molitor moderéiert gëtt, an an där de Gregorius als "Jim" d'Roll vum Sidekick spillt. 3-4 Invitéë stinn hinne Ried an Äntwert. Vum Hierscht 2007 bis de Mee 2009 ass d'dok-Show och sonndes owes am Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg gelaf.

Um Spaweck Änneren