Richtungsmiessung
D'Richtungsmiessung ass eng grondleeënd Aarbecht vun der Geodesie, Geometrie, Navigatioun a vun anere Gebidder vun der Technik. Si bedeit d'Wénkelmiessung fir d'Bestëmmung vum horizontale Wénkel, orientéiert Moossstralen oder Richtung an engem Bezuchssystem.
Richtungen an Distanze sinn déi wichtegst Moossdate fir d'Ortung vu Gefierer a fir d'Bestëmmung vu Punkten an engem Koordinatesystem.
Bezuchsrichtungen
ännerenRichtungsmiessunge brauchen eng Bezuchsrichtung, déi der blousser Wénkelmiessung eng Orientéierung gëtt. Déi Bezuchsrichtunge kënnen absolut sinn (Nr. 1–5) oder relativ (6–8):
- geographesch Nord = „astronomesch Nord“: déi horizontal Richtung, déi op den Nordpol weist. D'Resultat vun enger Richtungsmiessung heescht Azimut, rechtweisend Richtung oder orientéierte Stral.
- magnéitesch Nord: Horizontalprojektioun vun de Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld (resp. vun engem Himmelskierper). D'Resultat heescht magnéitesch Richtung, Kompass-Peilung o. ä
- Kreesel-Nord: mëttels nordsichendem Kreeselinstrument oder kreeselstabiliséierter Plattform. D'Resultater vu sou Richtungsmiessungen nennt een Kreeselpeilung, gyroskopescher Kurs o. ä.
- Gitternord: Nordrichtung an engem Koordinatesystem oder eng Kaart. Mat dësem Bezuch ergi sech sougenannt Richtungswénkel.
- Loutrichtung: d'Vertikal op enger Plaz am Äerdschwéierfeld. Denn op d'Vertikal bezunnene Wénkel nennt een Zenitwénkel oder Zenitdistanz, d'Ergänzung op 90° heescht Héichtewénkel.
- Funknavigatioun: déi op Funkfeier bezunne Richtunge an déi zwou nächst Methode sinn relativ. Duerch rechneresch Korrektur kritt een d'Orientéierung am System Nr. 1 oder 2, geographesch oder magnéitesch Nord.
- Sonn oder helle Bezuchsstär: Raumsonden orientéiere sech un hellen Objeten (z. B. Canopus, Sirius). No der Bunnbestëmmung ass eng Korrektur op absolut Richtunge méiglech.
- Gefier- resp. Kierperachs: d'Bezuchsrichtung fir „Säitepeilung“ (kuckt ënnen) resp. fir d'Richtungshéiere vun den Oueren, kuckt Lokalisatioun.
An engem Vermiessungsnetz (Triangulatioun) bezéien sech op „Nord“ orienéiert Richtunge meeschtens op ee Referenzellipsoid. Sou gerechent Azimute nennt een „ellipsoidesch“ – am Géigesaz zum gemoossenen astronomeschen Azimut (Nr. 1).
Miessinstrumenter
ännerenRichtungsmiessunge gi jee no Genauegkeet a Fachgebitt mat verschiddenen Instrumenter gemaach:
- Wénkelmiesser, Geodräieck oder Peilscheif
- Kompass (Marsch-, Peilkompass, Kreeselkompass …)
- Peilrumm, ADF, Radiokompass bei terrestrescher Navigatioun
- Sextant (Spigel-, Blosensextant vun der Nautik, Periskopsextant oder Kurskreesel an der Loftfaart asw.)
- Miessdësch, Kippreegel fir einfach Topographie um Terrain
- Theodolit, Tachymeter am Vermiessungswiesen a Geodesie
- Miesskamera, Satellittekamera an der Photogrammetrie a Satellittegeodesie
- Universalinstrument, Astrolabium, Meridiankrees fir Astronomie
- Richtteleskope fir weider Uwendungen.
D'Prezisioun läit bei 1–10° (Sport, Navigatioun), honnertstel Grad bis 1" (Vermiessung) an 0,1" bis 0,01" (Satellit, Loutofwäichung, Astronomie). An der Nautik sinn och Richtungsmiessunge par rapport zur Schëffsachs gemaach, a ginn da Säitepeilung genannt. Wann een een de Kurs derbäirechent da kritt een d'Richtung rechtweisend (Nr. 1) oder mëssweisend (Nr. 2).