Mat der Richtung kann d'Positioun oder d'Wierkungs- oder Beweegungszil vun enger Plaz, engem Objet, engem Individuum beschriwwe ginn.

D'Richtung kann ofhängeg vun der aktueller Beweegung oder vum Standpunkt (z. B. Riets a lénks, uewen, ënnen, riichtaus), a Bezuch op en Objet oder enger anerer Plaz (z. B. a Richtung vum Bierg, a Richtung Lëtzebuerg) oder a Bezuch op d'Äerdachs (Norden, Osten, Süden, Westen) beschriwwe ginn.

An der Geometrie gëtt d'Richtung mat Hëllef vun engem norméierten Richtungsvektor ausgedréckt, an der Differentialrechnung gëtt si duerch d'Steigung (éischt Ofleedung) vun enger Funktioun uginn.

An der Geodesie versteet een ënner Richtung deen um Horizontalkrees ofgeliesene Wäert, nodeem een mat dem Zilteleskop vun engem Theodolit e Punkt uviséiert huet. En Horizontalwénkel berechent sech aus der Differenz vun zwou Richtungen (riets minus lénks Ofliesung), d. h. déi béid Richtunge formen d'Schenkelen vun engem Wénkel.

An der Tountechnik gëtt d'Richtungshéiere vu Phantomschallquellen op der Stereobasis tëscht de Lautspriecher an och beim natierlechen Héieren net mat Ortung mä mat Lokalisatioun bezeechent.

Zu der Richtungsmiessung sti verschidden Instrumenter zur Dispositioun.

Richtungsbezeechnungen an der Loft- a Schëfffaart änneren

An der Loft- a Schëfffaart muss ëmmer kloer ënnerscheet ginn, ob sech eng Richtungsbezeechnung op déi aktuell Richtung vum Gefier bezitt (sougenannt Säitepeilung, relativ Richtung) oder absolut ass. Absolut Richtunge si Kompassrichtungen, déi vum geographeschen Norden ausginn. Well de Kompass net nom geographeschen, mä nom magnéiteschen Norde weist, muss d'Richtung virdru korrigéiert ginn, andeems een d'Deklinatioun wéi eventuell och eng Deviatioun aberechent. No dëser Rechnung gëtt z. B. de Skipper dem Rudergänger den Optrag, de Kurs Null-fënnef-Null ze fueren, wouduerch dësen da sou fiert, datt dësen neie Kurs um Steierkompass ofgelies ka ginn. D'Schëff weist da mat senger Nues an déi gewënscht Richtung, gemooss nom geographeschen Norden.

Nieft dëser absolutter Richtungsbestëmmung mat Kompasskurs, gëtt et verschidde Méiglechkeeten, eng relativ Richtung unzeginn. Dat ass (z. B. mat enger Peilscheif oder dem Radar) déi a Grad gemoossen Ofwäichung vun der Steierrichtung vum Schëff. Béides steet net ëmmer zur Disposition an ass an der Bedéngung och dacks ëmständlech. Déi grouss Genauegkeet vun enger Säitepeilung a Grad ass och dacks net noutwendeg, et geet duer, wann den Ausguck mellt Stéierung Backbord viraus oder Boje Querab, also nëmmen déi ongeféier Richtung zum Objet ugëtt. De Virdeel vun dësen Donnéeën ass, datt si net mat enger absolutter Richtungsbestëmmung verwiesselt kënne ginn an dofir fatal Mëssverständnesser tëscht Ausguck a Steiermann oder Navigator a Steiermann iwwergaange ginn.

Als relativ Richtungsbestëmmung fanne follgend séimännesch Bezeechnungen Gebrauch: Viraus (virum Schëff), Achtern (hanner dem Schëff), u Backbord, u Steierbord, querab. Geleeëntlech gi Richtungen och mat de Positiounen op engem geduechten Zifferblad definéiert. Op 12 Auer bedeit da riicht virun, op 1 Auer dann riets/Steierbord viraus asw.

Medezin änneren

Kuckt: Lag- a Richtungsbezeechnungen

Kuckt och änneren