Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kierper an der Physik. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kierper.

An der Physik ass e Kierper en Objet dee Mass huet a Raum anhëlt. An der klassescher Physik gëllt: Wou e Kierper ass, ka keen anere sinn. Kierper bestinn aus Stoffer.

Déi theoreetesch Physik kennt dräi grondleeënd an openeen opbauend Betruechtunge vum Kierper:

  • Punktmass: Keng (oder onendlech kleng) raimlech Ausdeenung, wueldefinéiert Mass. Gëtt och als Massepunkt bezeechent. Dës Modellvirstellung ass einfach ze gebrauchen an a ville Fäll ausreechend.
  • Konglomerat vu Punktmassen: (meeschtens starr) Verbindung vu Punktmassen zu engem ausgedeente Kierper
  • Kontinuéierlech Verdeelung: Iwwergank vun der Zomm vu Punktmassen zum Raumintegral iwwer d'Dicht.

Am Kader vun der klassescher Mechanik kënnen (ausgedeent) Kierper Translatiouns- a Rotatiounsbeweegungen ausféieren.

Kuckt och

änneren