De Meridiankrees ass das klassescht Instrument fir d'Miessung vu Stäreplazen am Meridian. Hien entsprécht engem ganz groussen Theodolit ouni Stéiachs, deen nëmmen um Meridianniveau (SüdpunktZenitNordpunkt) schwenkbar ass, an zielt domat zu de sougenannte Duerchgank- oder Passageninstrumenter.

Meridiankrees vum Kuffner-Observatoire, Wien.

De Meridiankrees gouf vum Olaf Römer aus dem Mauerquadrant (Mauerkrees) weiderentwéckelt a war vun 1810 bis 1950 dat wichtegst Miessinstrument vu villen Observatoiren. Mat ronn 20 global verdeelte Meridiankreesser goufen all genee Stärekatalogen an Eegebeweegunge gemooss, wéi z. B. den AGK1 (18681908) an den AGK2 (19241933, 200.000 Stären op ±0,1″ genee).

Gemoos ginn Zäit an Héichtewénkel vun de Stäre wa si am Meridian den Héchststand erreechen (kulminéieren). Dësen trëtt genee um Vertikalfuedem op, wann de Refrakter an Achszape kalibréiert sinn. D'Zäitdifferenz vun zwéi Stären entsprécht hirer Rektaszensiounsdifferenz. Aus Héichtewénkel a geographesch Breet follegt d'Deklinatioun.

Scho fréi gouf amplaz vu visuelle Miessungen um Fuedemnetz d'„Registréiermikrometer“ agesat, déi een de Stären noféiert. Ëm 1920 goufe vill Instrumenter op fotografesch Kreesofliesung ëmgebaut, zanter den 1970er Joren och op optoelektronesch Miessmethoden an a leschter Zäit op CCD.

Déi voll Miessgenauegkeet huet ee fréier duerch Zäitmiessung an ongeféier 20 parallele Fiedem am Gesiichtsfeld iwwer d'Ticke vun enger Pendelauer kritt. Fir d'Héichtemiessung stellt een de Stär op den Horizontalfuedem an, hanner deem een hien e puer Sekonne laang bisezéiert. Doduerch fält den Afloss vun der Loftonrou gréisstendeels eraus.
D'Neigung vun der Achs gëtt duerch en Hängeniveau (grouss Libell) kontrolléiert, hir Richtung duerch zwéi Kollimateren (Hëllefsrefrakteren op Distanz). Den Héichtenindexfeeler gëtt duerch vertikal Miessung zu enger Schuel mat Quecksëlwer dat spigelt, bestëmmt.

Och haut gi speziell Stärekataloge mat Meridiankreesser gemooss, z. B. fir d'Raumfaart oder fir Koméiten-Astrometrie. Prezis optoelektronesch Instrumenter sinn déi zu Bordeaux an de Carlsberg-Meridiankrees op La Palma. De Carlsberg-Meridiankrees schafft zanter 1984 op ±0,003″ genee.

Um Spaweck

änneren

  Portal Astronomie