De Geodräieck (eigentlech Geometrie-Dräieck) ass eng Kombinatioun aus Lineal a Wénkelmiesser a Form vun engem rechtwénklegen, gläichschenklegen Dräieck. Et ass virun allem en Hëllefsmëttel fir den Zeechen- a Mathematikunterrecht, wou et speziell am Deelberäich Geometrie fir d'Moossen an d'Zeechne vu Wénkele gebraucht gëtt an d'Zeechne vu parallele Linnen erliichtert. Fir technesch Uwendunge gi besonnesch héichwäerteg Geodräiecker hiergestallt, déi ënner dem Numm TZ-Dräieck (TZ fir Technescht Zeechnen) am Handel sinn.

De Geodräieck

Beschreiwung änneren

Geodräiecker gëtt et mat an ouni Grëff op der ieweschter Säit, mat an ouni héich Punkten op der ënneschter (sog. Tuschenoppen) souwéi an ënnerschiddleche Gréissten, déi no der Längt vun der Hypotenus ënnerscheet ginn. Dës längst Säit vum Geodräieck gëtt och Linealkant genannt; si huet eng Zentimeterandeelung mam Nullpunkt an der Mëtt. Do fänkt déi senkrecht zu der Linealkant agezeechent Mëttellinn un, déi d'Zeecheninstrument an zwou Hallschenten deelt an d'Héicht duerstellt, mat där hirer Hëllef sech recht Wénkele genee zeechne loossen. Laanscht d'Schenkele vum Dräieck si Markéierungen am Ofstand vun engem Wénkelgrad ubruecht, déi d'Konstruktioun vun engem Wénkel mat der Genauegkeet vun ongeféier engem hallwe Grad erlaben. An d'Dräieck agedréckte Linnen deiten d'Parallelen zu der Linealkant un.

Op verschidde Geodräiecker sinn nieft dem rechten an den hallefrechte Wénkelen, d'Wénkele 7° an 42° (resp. 138° an 173°) besonnesch markéiert. Dat erliichtert eng perspektivesch Duerstellung no DIN 5 (Dimetrie).

Geschicht änneren

Erfonnt gouf de Geodräieck – deemools nach am eigentleche Wuertsënn – vun den egyptesche Geometeren am Ufank vum drëtte Joerdausend v. Chr. als sog. Konstruktiouns-Remen, engem gläichschenkleg-rechtwénklege Vermiessungsdräieck fir déi nom järlechen Nilhéichwaasser notwenneg Feldvermiessungen. Seng Katheten hate genee 20 réimesch Digiti, seng Hypotenuse 28 (den ëm 20√2 / 28 minus een, dat heescht ongeféier ee Prozent méi laangen) Digiti vun der aler egyptescher Kinneksell, woumat déi irrational Zuel √2 praktesch beduecht gouf.

Den haitege Geodräieck aus duerchsiichtegem Konschtstoff (PMMA oder PVC) gouf am Joer 1964 vun der Firma Aristo entwéckelt.

Varianten änneren

E Geodräieck mat Grëff an anerer Wénkelandeelung gëtt am Kaartebesteck fir Aarbechten an der Navigatioun gebraucht an do Kursdräieck genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Set squares – Biller, Videoen oder Audiodateien