Den Azimut (arabesch as-sumut – „d'Weeër“, Plural vun as-samt – „de Wee“), bezeechent deen no Himmelsrichtungen orientéierten Horizontalwénkel.

Den Azimut an der Astronomie an an der Geodesie änneren

D'Definitioun an der Astronomie heescht: Den Azimut ass de Wénkel tëscht der Meridianfläch an der Vertikalfläch vun engem Himmelskierper. An der Astronomie gëtt den Azimut, ugefaange vu Süden iwwer Weste gezielt, soudatt en Himmelskierper am Süden en Azimut vun 0° huet an en Himmelskierper am Westen en Azimut vun 90° huet.[1] Ofwäichend ass awer och eng Definitioun a Gebrauch, bei där den Azimut vum Nullpunkt am Norden iwwer Oste gemooss gëtt. Fir d'Berechnung vum Azimut vun engem Himmelskierper fir ee bestëmmten Zäitpunkt an enger bestëmmter Observatiounsplaz gëtt den 'nauteschen Dräieck gebraucht (och astronomeschen Dräieck genannt).

 
Einfach Duerstellung vum Azimut

D'Geodesie kennt ausser dësem astronomeschen Azimut, deen duerch Miessungen no Fundamentalstäre genee bestëmmt ka ginn, och den ellipsoideschen Azimut. Dat sinn déi op 0,01" (ongeféier 50 nrad) genee berechent Richtungen an engem Vermiessungsnetz, bezunn op d'Referenzellipsoid vun der Landesvermiessung oder op déi mëttelst Äerdellipsoid. Astronomesch an ellipsoidesch Azimuten differéieren ëm d'Ost-West-Komponent vun der Lotofweechung. Am Gauß-Krüger-Koordinatesystem gi Wénkelen uginn, déi sech op de Gitternorden (Héich- oder x-Achs) bezéien.

D'Methode fir d'Azimutbestëmmung si Géigestand vun der Astrogeodesie; déi fir d'Praxis wichtegste Miessmethode sinn de Polarisazimut (mat Hëllef vum Polarstär) an dem Sonnenazimut. Eenzel Miessunge mat Stäre kënne bis 0,1" genee sinn (dat si 5 mm op 10 km), mat méi laange Miessreien och méi genee. Sonnenazimuten erreechen nëmme 1-5 Wénkelsekonnen, sinn awer séier festgestallt an hunn de Virdeel vun der Dagobservatioun.

Azimuten an der Navigatioun an Technik änneren

An der Navigatioun (Séifaart, Loftfaart) nennt een den Azimut tëscht Standpunkt (Gisement) an Zilpunkt de Sollkurs, am Géigesaz zum tatsächlech gefuerene Kurs iwwer Grond. Nautesch gëtt den Azimut op den Norde bezunn, kuckt och: Kulminatioun. An der astronomescher Navigatioun ass mat Azimut de Wénkel vun der geschatener Plaz (gekoppelter Plaz) zum gerechente Bildpunkt (Fousspunkt) vun engem Himmelskierper gemengt.

An der Kartographie versteet een ënner Azimut deen am Auerzäresënn gemoossene Wénkel tëscht dem geographeschen Norden (Nordpol) an iergendenger Richtung (z. B. Marschrichtung, Magnéitkompass-Peilung asw.) op der Äerduewerfläch.

An der Artillerie gëtt den Azimut gebraucht, fir eng genee Richtungsangab ze maachen, d'Angab erfollegt a Stréch (Artilleriepromill).

An der Antennentechnik (Satellittefunk) bezeechent den Azimutwénkel déi horizontal Ausriichtung vun enger Antenn, am Géigesaz zur Elevatioun, déi de vertikale Wénkel tëscht Horizont an Antennerichtung ugëtt.

Bei Wandkraaftanlage gëtt d'Bezeechnung Azimut fir alles gebraucht, wat mat der horizontaler Wandnoféierung vum Maschinnenhaus ze dinn huet. D'Azimutsystem déngt der Noféierung vun der Gondel a besteet aus Azimutlager, Azimutundriff, Azimutgedriff an Azimutsteierung. Der Azimutundriff besteet aus méistufege Planéitegedriwwer, déi vu frequenzgesteierte elektresche Motoren ugedriwwe ginn.

An der Solartechnik gëtt d'Ofwäichung vum Sonnekollekter vu Süden als Azimut bezeechent. -90° bedeit Ostausriichtung, -45° Südostausriichtung, 0° Südausriichtung, +45° Südwestausriichtung a +90° Westausriichtung vum Kollekter.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Schaifers K., Traving G., Meyers Handbuch Weltall, 6. Aufl, Bibl. Institut Mannheim, 1984, ISBN 3-411-02155-1

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie

adu]]