Pasiphae (Mound)
De Pasiphae oder Jupiter VIII ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.624.000 km |
Periapsis | 13.962.000 km |
Apoapsis | 33.286.000 km |
Exzentrizitéit | 0,4090 |
Ëmlafzäit | 708 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,31 km/s |
Inklinatioun | 151,431° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 56km |
Dicht | 2,6 (?) |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 17,0 |
Entdeckung | |
Entdecker | P. J. Melotte |
Entdeckungsdatum | 27. Januar 1908 |
Entdeckung
ännerenDe Pasiphae gouf de 27. Januar 1908 vum Astronom Philibert Jacques Melotte entdeckt. De Mound gouf op fotografesche Placke fonnt, déi an der Nuecht vum 28. Februar 1908 am Royal Greenwich Observatory (England) beliicht goufen. Ënnersich vun anere Placken hu gewisen, datt den Objet schonn de 27. Januar opgeholl gi war. Well et am Ufank net kloer war, ob et sech ëm en Asteroid oder e Mound handele géif, krut hien déi virleefeg Asteroidebezeechnung 1908 CJ. Den 10. Abrëll konnt schliisslech d'Entdeckung vun engem aachte Mound beim Jupiter bestätegt ginn.
De Mound gouf no der Pasiphae, der Fra vum Minos a Mamm vum Minotaurus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm krut de Mound am Joer 1975, virdrun gouf hien als Jupitermond VIII gefouert. Nom Pasiphae gëtt eng Grupp vu Jupitermounde genannt, déi sech op änleche Bunne beweegen. D'Pasiphae-Grupp besteet aus dräizéng Memberen, woubäi de Pasiphae dee gréissten ass.
Bunndaten
ännerenDe Pasiphae kreest ëm de Jupiter an engem mëttleren Ofstand vun 23.624.000 km a 743 Deeg, 15 Stonnen a 7 Minutten. D'Bunn weist eng staark Exzentrizitéit vun 0,4090 op. Mat enger Schréi vun 151,431° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Physikalesch Daten
ännerenDe Pasiphae huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 60 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Pasiphae huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 17,0m. D'Temperatur op der Uewerfläch huet an der Moyenne -102 °C.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- "Note on the discovery of a Moving Object near Jupiter (1908 CJ)" in: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 68, p.373 Mäerz 1908 (Entdeckung)
- "Note on the newly discovered Eighth Satellite of Jupiter, photographed at the Royal Observatory, Greenwich" in: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 68, p.456-457 Abrëll 1908
- "Recent Observations of the Moving Object near Jupiter, Discovered at Greenwich by Mr. J. Melotte", in: Publications of the Astronomical Society of the Pacific, Vol. 20, No. 120, p.184 Juni 1908