Philibert Jacques Melotte

De Philibert Jacques Melotte, gebuer den 29. Januar 1880, a gestuerwen den 30. Mäerz 1961, war e britteschen Astronom.

Philibert Jacques Melotte
Gebuer 29. Januar 1880
Gestuerwen 30. Mäerz 1961
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom

Seng Eltere stamen aus der Belsch a waren agewandert.

Am Joer 1908 huet hien en neie Jupitermound entdeckt, deen haut ënner dem Numm Pasiphae bekannt ass. Dësen Numm krut den Himmelskierper eréischt am Joer 1975, virdru gouf hie Jupitermound VIII genannt, well hien den aachten entdeckte Mound vum Jupiter war.

De 16. Januar 1909 huet de Melotte den Asteroid (676) Melitta entdeckt. Am Joer 1915 huet hien e Katalog vun 245 oppene Stärekéip a Kugelstärekéip zesummegestallt. Et ass e Katalog an deem vill grouss, a schonn mat bloussem A siichtbar Kéip wéi d'Hyaden, d'Hoer vun der Berenike an d'αPersei-Grupp stinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie