Minotauros

(Virugeleet vu(n) Minotaurus)

De Minotauros (gr. Μινώταυρος / Minốtauros, = Stéier vum Minos) ass e mythescht Wiese mat mënschlechem Kierper an dem Kapp vun engem Stéier.

De Mythos änneren

De Minos, Jong vum Zeus sollt Kinnek vun der Insel Kreta ginn. Fir sech ze versécheren datt hien, an net säi Brudder, rechtméissege Kinnek wier, huet en de Mieresgott Poseidon ëm en Zeeche gefrot. De Poseidon huet him dunn e wäisse Stéier aus dem Waasser geschéckt deen de Minos him als Unerkennung affere sollt.

 
Den Theseus an de Minotaurus op enger attescher Amphore

Dem Minos awer huet de Stéier sou gutt gefall, datt hien en anere Stéier a senger Plaz geaffert a gehofft huet et géif dem Poseidon net opfalen. Deen ass doropshi rose ginn an huet dofir gesuergt datt dem Minos seng Fra Pasiphaë sech an de Stéier verléift. Fir sech kënne mam Stéier ze vereenegen huet si sech vum Daidalos eng huel hëlze Kou baue gelooss an där si sech verstoppt huet. Aus dëser Verbindung ass de Minotaurus entstanen.

Well de Minotaurus ze staark war fir e normale Käfeg huet de Minos, nodeem en d'Orakel vun Delphi ëm Rot gefrot huet, den Daidalos ugestallt zu Knossos e Labyrinth ënner dem Palais ze bauen, wou d'Ongeheier sollt drakommen.

Zu där Zäit ass et och geschitt datt d'Athener dem Minos säi Jong Androgeus ëmbruecht hunn, well hie sou vill Victoirë beim Panathenéiesche Festival hat. Et ass dunn zum Krich tëscht Kreta an Athen komm. Athen war awer nëmmen ze bezwénge nodeem de Minos säi Papp ëm Hëllef geruff an den Zeus d'Pescht op Athen geschéckt huet.

Der So no huet Athen du misse jeeweils 7 jonk Männer a Jongfraen als Tribut op Kreta schécken (dem Plutarch no all 9 Joer, anere Quelle no all Joer). Si sinn dem Minotaurus geaffert ginn. No der drëtter Kéier huet den Theseus, de spéidere Kinnek vun Athen, sech bereeterkläert matzefuere fir de Minotaurus ëmzebréngen.

De Minos huet dem Theseus den Zougank zum Labyrinth erlaabt, an der Hoffnung datt de Minotaurus hie géif friessen. Mat engem Trick konnt den Theseus awer de Minotaurus Meeschter ginn an déi athenesch Jongen a Meedercher befreien. Déi kretesch Prinzessin Ariadne huet him de spréchwiertleche Fuedem ginn, deen hien um Wee eran ofgerullt huet an deem hien um Wee eraus nogoe konnt (dohier och d'Ausdréck: de roude Fuedem, de Fuedem verléieren). D'Iddi hat d'Ariadne vum Daidalos, deen doropshi selwer, mat sengem Jong Ikaros, an dat eidelt Labyrinth agespaart ginn ass. Si sinn awer spéider entkomm.

Interpretatiounen änneren

Et gëtt driwwer spekuléiert op de Mythos op der minoescher Kultur baséiert. D'Ruine vum Palais zu Knossos sinn zwar ausgegruewe ginn, d'Labyrinth selwer ass awer net fonnt ginn. Archeologe ginn dovun aus, datt de Palais selwer, mat senge sëllegen Zëmmeren a Gäng, als Labyrinth den Ausschlag fir de Mythos ginn huet.

Dozou kënnt och nach, datt d'Minoer e Kult ronderëm de Stéier haten.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Minotaur – Biller, Videoen oder Audiodateien