Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun

offiziell Sproochen vun den EU-Organer

D'Europäesch Unioun huet, zanter 2013, véieranzwanzeg offiziell Sproochen.

Dës, souwéi och hire Gebrauch vun den EU-Organer, sinn duerch dat alleréischt Europäescht Reeglement, d'Nr.1/1958 festgeluecht. Duerch verschidde Bäitrëtter huet sech d'Zuel vun am Ufank 4 op déi haiteg 24 vergréissert.

"Offiziell Sprooch" bedeit praktesch z. B., datt d'Europäesch Traitéen a Gesetzer an deene Sprooche publizéiert ginn, datt europäesch Deputéiert a Ministeren dës Sprooch am Europaparlament an op Ministeschconseille schwätze kënnen (an an hir Sprooch gedolmetscht kréien), an datt d'Bierger sech an enger vun deene Sproochen un d'EU-Institutioune wende kënnen an och eng Äntwert dodra kréien. Et sinn dat:


Datum Sprooch Code Offiziell Sprooch an dësen EU-Memberstaaten
eegenen Numm op Lëtzebuergesch
2007 български (bălgarski) Bulgaresch bg Bulgarien
2004 čeština Tschechesch cs Tschechesch Republik
1973 dansk Dänesch da Dänemark
1958 Deutsch Däitsch de Däitschland, Éisträich, Belsch, Lëtzebuerg
2004 eesti Estesch et Estland
1981 ελληνικά (elliniká) Griichesch el Zypern, Griicheland
1973 English Englesch en Irland, Malta (an d' Vereenegt Kinnekräich virum Brexit)
1986 español (castellano) Spuenesch (Kastillianesch) es Spuenien
1958 français Franséisch fr Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg
2007 Gaeilge Iresch ga Irland
2013 hrvatski Kroatesch hr Kroatien
1958 italiano Italieenesch it Italien
2004 latviešu Lettesch lv Lettland
2004 lietuvių Litauesch lt Litauen
2004 magyar Ungaresch hu Ungarn
2004 malti Malteesesch mt Malta
1958 Nederlands Hollännesch nl Belsch, Holland
2004 polski Polnesch pl Polen
1986 português Portugisesch pt Portugal
2007 română Rumänesch ro Rumänien
2004 slovenčina Slowakesch sk Slowakei
2004 slovenščina Sloweenesch sl Slowenien
1995 suomi Finnesch fi Finnland
1995 svenska Schweedesch sv Finnland, Schweden

Dës 24 offiziell Sprooche vun der EU sinn net ze verwiessele mat den Amtssprooche vun den eenzelen EU-Länner. Sou ass Tierkesch z.B. eng offiziell Sprooch op Zypern, ma net an der EU.

A verschiddene Memberlänner hu Regional- oder Minoritéitesproochen zousäzlech e bestëmmte Status a kënne jee nodeem begrenzt gebraucht ginn. Och dës si keng Offiziell Sprooche vun der EU. Eng Ausnam sinn déi spuenesch Regionalsproochen (Katalounesch, Baskesch, Galizesch), déi Bierger an hirer Korrespondenz mat der EU kënne gebrauchen (woubäi dës duerch en Accord mam spuenesch Staat iwwersat gëtt, fir verstanen ze ginn).

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.