Kommissioun von der Leyen I
Europäesch Kommissioun (2019 bis 2024)
D'Kommissioun von der Leyen I war de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidentin Ursula von der Leyen. Si war vum 1. Dezember 2019 bis den 30. November 2024 am Amt. Si war d'Nofollgerin vun der Kommissioun Juncker. Si bestoung aus der Presidentin a bis den 31. Januar 2020 aus 28 Kommissären wouvunner der 7 Vizepresident waren. Nom Brexit waren et der 27 Kommissären.
Am Juli 2019 hu ronn 65% Deputéiert vum Europäesche Parlament fir d'Ursula von der Leyen gestëmmt. Si war déi éischt Kommissiounspresidentin vun der Europäescher Union.
Déi eenzel Kommissäre ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vun der Presidentin erausgesicht; et ass och si, déi hir Aarbechtsberäicher festleet.
D'Ekipp vun der Kommissioun von der Leyen I
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kommissioun von der Leyen I – Biller, Videoen oder Audiodateien |