D'Tess Burton (de Familljennumm gëtt op englesch ausgeschwat: ['bœ:ʀtən][1]), gebuer den 10. Juni 1985[2] ass eng lëtzebuergesch Politikerin (LSAP).

Tess Burton
Gebuer 10. Juni 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

No hirer Première am Iechternacher Lycée am Joer 2005 huet d'Tess Burton Kommunikatioun a Marketing zu Köln studéiert, an déi Studien 2009 mat engem Bachelor of Arts in Media-Management ofgeschloss.[3] Duerno huet si e Master an Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg gemaach a schafft zanterhir am Familljebetrib, engem Zeitungsverlag, an huet e Buttek zu Gréiwemaacher.[1]

Si huet bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 am Walbezierk Oste kandidéiert. Si gouf net direkt gewielt, ass dann awer de 5. Dezember 2013 amplaz vum Nicolas Schmit, dee Minister gouf, nogeréckelt.[4] Och bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass si fir de Schmit nogeréckelt, deen op säi Mandat verzicht huet, fir dat Joer drop Kommissär an der Europäescher Kommissioun ze ginn.[5]

Si war Lëtzebuerger Wäikinnigin 2004/2005.[3]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Interview 'Eldo Casual' op eldo.lu, 03.01.2014, 10:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.01.2014, 10:10.
  2. Lëscht vun de Kandidate vun der LSAP am Walbezierk Oste fir d'Parlamentswale vun Oktober 2013
  3. 3,0 3,1 "Candidats" op lsap-junglinster.lu, gekuckt 2013.12-05
  4. "Assermentation de 25 nouveaux députés." op chd.lu, gekuckt 2013-12-05.
  5. "LSAP-Fraktion: Schmit verzichtet für Tess Burton." wort.lu, 06.12.2018.