Den Nicolas Gredt, gebuer den 18. Februar 1834 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 20. Juni 1909, war e Lëtzebuerger Philolog, Sproocheprofesser a Schouldirekter. Hien ass virun allem bekannt wéinst dem Sagenschatz des Luxemburger Landes, deen hien erausginn huet.

Nicolas Gredt
Gebuer 18. Februar 1834
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Juni 1909
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Enseignant, Direkter, Schrëftsteller
Famill
Kanner Félix Gredt, Joseph Gredt, Paul Gredt

Den Nicolas Gredt war fir d'éischt Schräinergesell.

No senger Schoulzäit am Stater Kolléisch a sengem Studium op den Universitéite vu Bonn a Paräis gouf hien 1864 Professer am Kolléisch, tëscht 1867 an 1869 Zensor an 'Directeur ff.', tëscht 1884 an 1885 'Sous-Directeur' an 'Directeur ff.', an tëscht 1885 an 1906 Direkter vum Kolléisch.[1]

1883 huet de Gredt säin Haaptwierk erausginn, de Sagenschatz des Luxemburger Landes, eng Sammlung vu Seeërcher déi doruechter am Land erzielt goufen[2].

Den Nicolas Gredt war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Hie war mat der (Anne Marie) Françoise Hoffmann (1838-1904) bestuet an hat véier Jongen: de Joseph Gredt (1863-1940, Benediktinerpater a Philosophiesprofesser zu Roum), den Alphonse Gredt (1865-1896, Dr. med. an der Stad Lëtzebuerg), de Paul Gredt (1867-1934, Dipl.-Ingenieur a Schmelzdirekter) an de Jean Félix, genannt (Jean) Felix Gredt (1868-1922, Jurist, ë. a. substitut du procureur de l'État zu Dikrech, an Auteur).[3]

Säi Wierk änneren

  • Sagenschatz des Luxemburger Landes. Gesammelt von Dr. N. Gredt, Luxemburg ; Lëtzebuerg (Victor Bück), 1883; 645 S. (Dëst Buch ass en Auszuch aus: Publications de la Section historique de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Band 36. - D'Wierk ass e puermol reeditéiert ginn, fir d'lescht 2005 vum Guy Berg.
  • Idem, Band 1. Rééditioun vun 1963. Mat engem 'Geleitwort' vum Pierre Grégoire. Dréckerei Kremer-Muller & Cie, Esch/Uelzecht. (Op der S. 5 vun dëser Ausgab steet: Neubearbeitet in der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts. Herausgegeben vom Ministerium für Künste und Wissenschaften und von der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts).
  • Die Luxemburger Mundart. Ihre Bedeutung und ihr Einfluss auf Volkscharakter und Volksbildung ; Lëtzebuerg (P. Bruck), 1870.
  • L'Athénée de Luxembourg de 1839 à 1889; in: Programme de l'Athénée; Lëtzebuerg, 1893.

Gielercher an Éierungen änneren

Zu Zéisseng ass eng Strooss nom Gredt benannt: rue Nicolas-Gredt.

Literatur änneren

  • Emmel, Fernand G., an Zesummenaarbecht mam Gilbert Maurer, 2007. Aus den Studienjahren eines Athenäumsdirektors; in: Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Nr. 28 (2009), Ss. 61-78.
  • Conter, Claude, 2007. Gredt, Nikolaus. S. 217 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  • Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks: oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine: Leben und Schaffen eines Nationaldichters; éditéiert vun der 'Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1991; 146 Ss.
  • Kayser Edouard M., 2013. Les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe, une famille en phase avec les évolutions de son temps ; in: Biografie-Itinerari-Migrazioni / Biographies-Itinéraires-Migrations - Scambi industriali italo-lussemburghesi nelle attività minerarie e siderurgiche in Piemonte e Val d'Aosta tra XIX e XX secolo / Échanges industriels italo-luxembourgeois dans les activités minières et sidérurgiques au Piémont et dans la Vallée d'Aoste entre XIXe et XXe siècle - Atti della Giornata internazionale di studio, Lussemburgo, 3 dicembre 2011 / Actes de la Journée internationale d'études, Luxembourg, 3 décembre 2011, erausginn vun der Madame Maria-Luisa Caldognetto a vun der Mme Bianca Gera; Torino / Turin (Centro Studi Piemontesi), 2013; Ss. 95-108 (ill., Bibliographie); ISBN 978-88-8262-207-7.
  • Kayser, Edouard M., 2014. Esquisse d'histoire familiale: les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe. Récré 28/2014; Ss. 73-91.
  • Mersch, Jules, Biographie nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours ; XXII Hefter, Lëtzebuerg (V. Bück), 1947-1975; vgl. hei Heft 19, Ss. 52-54!

Referenzen änneren

  1. (fr)L'Athénée de Luxembourg. VI. — Personnel enseignant de l’athénée depuis 1839. A. Les directeurs - V. Bück et L. Bück succ.. Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu (1893). Gekuckt de(n) 2023-12-10.
  2. Dës Seeërcher goufen am Optrag vum Institut grand-ducal vu Schoulmeeschteren a Schouljofferen uechtert d'Land gesammelt. De Gredt huet sech kënne fir säi Buch aus dësem Fundus zerwéiere wärend den Institut grand-ducal dem Dicks et net erlaabt huet, dës Informatioune fir säi Wierk "Luxemburger Sagen und Legenden" ze benotzen. Dofir zitéiert den Dicks de Gredt net a sengem Buch. De Gredt ënnerhält dunn ënner Pseudonym "Dr. John" eng Hetzcampagne an der Presse géint d'Buch vum Dicks. Méi Detailer zum reegelrechte Sträit tëscht deenen deemolege Folklorspezialiste fënnt ee bei: Hoffmann (1991: 110-115).
  3. Jules Mersch, Biogr. nat.; fasc. 19.
  4. (fr)Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg = Memorial des Großherzogthums Luxemburg. Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu 717 (24. Juli 1902). Gekuckt de(n) 2023-12-10.