De Paul Gredt, gebuer den 22. Februar 1867 an der Stad an den 18. Oktober 1934 och do gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Schmelzdirekter, Industriellen an Erfinder. Hie war den drëtte Jong vu véier vum Professer, Kolléischdirekter an Auteur Nicolas Gredt a vun deem senger Fra der Françoise Hoffmann.

Paul Gredt
Gebuer 22. Februar 1867
Gestuerwen 18. Oktober 1934
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Papp Nicolas Gredt
Kanner Georges Gredt

No sengem Studium am Stater Kolléisch (1885) an engem Joer Cours supérieurs (1885-1886), ass de Paul Gredt op Berlin weiderstudéiere gaangen. Hien huet Chimie an Hüttenkunde op der Kinneklecher technescher Héichschoul zu Berlin-Charlottenburg studéiert (1886-1888) an huet duerno och nach e Joer op der Kinneklecher Bergakademie - ëmmer nach zu Berlin - drugehaangen. No der Verdeedegung vu senger Diplomaarbecht (1889) ass den Dipl. Ing. Paul Gredt, Spezialist fir Metallurgie, op Lëtzebuerg zeréckkomm. Do huet hie fir d'éischt emol e Stage vu fënnef Méint am Staatslaboratoire gemaach. Niewelaanscht huet hien eng ganz Rei vu Stolwierker, Schmelzen a Walzwierker am Land an am Norde vu Loutrengen besichtegt. Hien huet sech haaptsächlech fir Héichiewen intresséiert, besonnesch fir d'Verwäertung vun den Ofgasen, nämlech d'Giichtgasen.

No enger éischter Plaz an engem Betrib a Schlesien, gouf de Paul Gredt zimmlech séier zum Chefingenieur, zoustänneg fir d'Fabrikatioun, an der Brasseurs Schmelz zu Esch-Uelzecht genannt. Am Mäerz 1896 gouf e schonn zum éischten Direkter vun der neier Société anonyme des Hauts Fourneaux de Differdange genannt. 1898 huet hien déi fréier Schmelz Woll & Biwer zu Hollerech opkaaft an dee Betrib bis 1900 an d'Firma Aciéries et Ateliers de Luxembourg ëmgewandelt. Fënnef Joer méi spéit huet de Paul Gredt, mat aneren Industriellen, d'Union des Aciéries gebilt, eng Gesellschaft, déi 1923 vun der Société anonyme des Anciens Établissements Paul Würth iwwerholl gouf.

Nieft senger Intelligenz a senger Fachkompetenz hat de Paul Gredt am Laf vun de Joren en zolidd Netz vu Relatiounen opgebaut, dat him et erlaabt hunn, seng Aktivitéiten am Land an am Ausland ëmmer méi z'erweideren. Hien hat d'Aline Brasseur (1868-1929) bestuet, eng Duechter vum räichen Hotel- a Grondbesëtzer Jean-Pierre Brasseur, mat där hien zwee Kanner, de Georges an d'Marie, krut. Hien hat zemools vill Relatiounen a Participatiounen am Ausland, net nëmmen an den dräi Nopeschlänner vu Lëtzebuerg, mä och a Schweden, an Éisträich-Ungarn, a Russland an an Norditalien.

Als Fuerscher oder Erfinder huet de Paul Gredt iwwer 20[1] wichteg Patenter am Laf vu senger Karriär registréiere gelooss (säi Brudder Félix huet sech um juristesche Plang drëms gekëmmert). 1896 war de Paul Gredt zum Membre correspondant vun der Section des Sciences historiques vum Institut grand-ducal gewielt ginn, wuel als Merci fir d'Rettung vun den alen Archive vum Déifferdenger Schlass, an deem hien eng Zäit (1896-1898) als Direkter gewunnt hat.

Hie war vun 1904 bis 1905 am Stater Gemengerot a gouf 1907 Éierekonsul vu Schweden zu Lëtzebuerg, 1932 souguer Generalkonsul vu Schweden.

De Paul Gredt ass den 18. Oktober 1934 a sengem Haus um Boulevard de la Foire um Lampertsbierg gestuerwen a gouf um Nikloskierfecht an d'Familljegraf bäigesat.

Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • Berechnung und Verwerthung der Gichtgase des Eisenhochofenwerkes der Herrn Metz & Cie in Esch an der Alzette (Luxemburg) ; in: Stahl und Eisen - Zeitschrift für das deutsche Eisenhüttenwesen, Düsseldorf, 1890.

Literatur

änneren
  • Edouard Kayser, 2014. Les frères Alphonse, Paul et Félix Gredt - Trois autres anciens de l'Athénée. In: annALes de l'Athénée de Luxembourg - d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 07/2013-2014; Lëtzebuerg (Drock: Sankt Paulus), Sept. 2014; Ss. 384-389 (ill., Bibliogr.). ISBN 978-99959-631-6-3
  • Kayser, E. M., 2014. Esquisse d'histoire familiale: les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe. Récré 28: 73-91.
  • Jacques Maas, 2011. De Differdange au Piémont en passant par la Suède et la Russie: innovations techniques et participations industrielles autour de l'ingénieur Paul Gredt (1867-1934). Mëndleche Bäitrag zur Journée internationale d'études vum 3. Dezember 2011 am Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, ënner dem Titel: Échanges industriels italo-luxembourgeois - Activités minières et sidérurgiques au Piémont et dans la Vallée d'Aoste (fin du XIXe siècle - milieu du XXe siècle).
  • Michel Pauly, 2011. Geschichte Luxemburgs. München (C.H. Beck - Wissen, in der Beck'schen Reihe), 2011; S. 79.

Referenzen

änneren
  1. Lëscht beim Patentamt