récré ass eng Publikatioun vun den Éditions de l'APESS a.s.b.l., déi zanter 1986 erauskënnt. Initiator war de Professer Carlo Felten vun Dikrech, dee bis zu sengem fréien Doud am Joer 2005 och Haaptmann an der Redaktiounskiche war. Zanter 2005 bekëmmert sech e Redaktiounscomité ëm d'Publikatioun. Zu deem Comité gehéieren de Roland Harsch (bis 2020), de Frank Wilhelm (bis 2012), de Georges Milmeister (President bis 2018), de François Thill (bis 2015), de Paul Kintziger (zanter 2007), den Edouard Kayser (zanter 2012) an de Franck Colotte (zanter 2016, President zanter 2019).

Déi méi technesch Aarbecht, besonnesch de Layout, louch bis 2009 an den Hänn vun der Monique Felten-Faber a vun hire Jonge Georges an Nicolas. Fir d'Koordinatioun an de Kontakt mat den Auteure war no der Monique Felten-Faber, vun 2009 bis 2017 den Daniel Reding zoustänneg, a momentan mécht dat de Pascal Zeihen, deen och zanter 2010 d'Éditions de l'APESS administréiert.

Vu récré kënnt am Prinzip all ee bis zwee Joer eng Nummer eraus.

D'Nummer 4, déi am Januar 1989 erauskoum, war eng Spezialnummer ronderëm d'Franséisch Revolutioun. An d'Nummer 5, déi am Dezember 1989 erauskoum, huet sech exklusiv mam Enseignement secondaire 1939-1989 beschäftegt. D'Nr. 5 hat iwwregens méi e grousst Format wéi déi "normal" Nummeren.

Déi 2 éischt Nummeren hu "Récréation" geheescht; duerno koume 5 Nummeren ënner dem Numm " Ré-Création" eraus. Zanter der 8. Ausgab (1992) heescht d'Revue einfach "récré". Zanter der Nummer 26, déi am Juli 2011 verëffentlecht gouf, hunn d'Bicher den neien Titel Ausbléck-RÉCRÉ. Déi neist Ausgab ass d'Nummer 32, déi am Fréijor 2022 verëffentlecht gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren