Guy Berg

lëtzebuergesche Linguist

De Guy Berg, gebuer den 3. Juni 1961 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.

Guy Berg
Gebuer 3. Juni 1961
Beetebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal
Famill
Bestuet mat Mireille Sigal
Kanner Florence Berg, Véronique Berg

De Guy Berg huet op der Johannes-Gutenberg-Universitéit Mainz zu Germersheim/Rhein applizéiert Sprooche- a Kulturwëssenschaften (Iwwersetzen) studéiert (hie krut 1987 den Hugo-Moser-Förderpreis) an iwwer d'Entwécklung vum Lëtzebuergesche promovéiert.

1998 huet hien de Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) an d'Liewe geruff. Säin Haaptfuerschungsthema war déi Zäit d'Yolanda vu Veianen; 1999 huet hien an der Bibliothéik vum Grof vun Aansebuerg d'Manuskript vum Codex Mariendalensis erëmfonnt, dat zanter den 1920er Joren als definitiv verluer gegollt huet.

Hien ass Member vun der Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik vum Institut grand-ducal an huet och Fuerschungsaarbechten ë. a. iwwer den Nicolas Gredt, Cyprien Merjai an Alexander Wiltheim erausginn.

Mat der däitscher Iwwersetzerin an Theologin Mireille Sigal huet en zwou Duechteren, d'Florence an d'Véronique.

Aarbechten (Auswiel) änneren

  • 'Mir wëlle bleiwe wat mir sin': Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachgkeit. Tübingen, Niemeyer 1993.
  • "Der Codex Mariendalensis. Zur Wiederauffindung, Erschließung und Edition einer hochmittelalterlichen Handschrift aus dem Raume Luxemburg". In: Bulletin linguistique et ethnologique 30 (2000), S. 7-26.
  • Editeur vum Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes (2005).
  • Guy Berg a Gerald Newton (Erausg.): Alexander Wiltheim. "Vitae Venerabilis Yolandae", 2007, Institut Grand-Ducal, 839 Säiten. Mat Umierkungen, Bibliographie, e puer Faksimile-Säite vum Original, en Index mat laténgeschen Uertschaftsnimm mat Iwwersetzung. D'Editioun bréngt den Text am Original, op Däitsch "originalgetrei" iwwersat vum Guy Berg an eng englesch Iwwersetzung, "closely translated" vum Gerald Newton.

Iwwersetzungen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren