Auguste Gredt

lëtzebuergeschen Theolog

De Jean Nicolas Auguste Gredt[1],[2], gebuer den 30. Juli 1863 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Januar 1940 zu Roum, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Philosoph, Theolog an Auteur.

Auguste Gredt
Gebuertsnumm Johann Nicolas August Gredt
Gebuer 30. Juli 1863
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Januar 1940
Roum
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Theolog, Kathoulesche Priister, Philosoph, Professer
Member vun Pontificia accademia di San Tommaso d'Aquino
Famill
Papp Nicolas Gredt
Joseph Gredt O.S.B.

No sengem Antrëtt an de Benediktiner-Uerden, war hien ënner dem Numm Père Joseph Gredt bekannt.

Biographie

änneren

Den Auguste Gredt (zukünftege Pater Joseph Gredt) war e Jong vum Nicolas Gredt, Sproocheprofesser, Direkter vum Kolléisch an Auteur. Zwéi vu senge Bridder waren den Ingenieur Paul Gredt an de Jurist Félix Gredt.

Den Auguste Gredt huet, no sengem Studium am Kolléisch, am Seminaire vu Lëtzebuerg Philosophie an Theologie studéiert. 1886 gouf hien zum Priister geweit. Duerno goung hien op Roum, wou en am Collegium Divi Thomae säin Doktorat an der Theologie gemaach huet. No engem kuerzen Opënthalt op der Universitéit vun Innsbruck, ass en an de Stëft Seckau, an der Steiermark, agetratt, fir Benediktiner-Mënch ze ginn. Hien huet seng Profess den 18. Mai 1891 ofgeluecht an huet sech vun do un Pater Joseph genannt. Geschwë krut hien d'Aufgab, seng jonk Kolleege mat der thomistescher Philosophie vertraut ze maachen. Vun 1896 un war hien 42 Joer laang Philosophieprofesser um Collegium Anselmianum, der Benediktiner-Héichschoul zu Roum, déi zanter 1934 Pontificio Ateneo Anselmianum genannt gëtt.

Säi Léierbuch iwwer d'aristotelesch-thomistesch Philosophie huet dem Pater Joseph Gredt eng grouss Bekanntschaft an der kathoulescher Welt bruecht. Ënner dem Poopst Pius X. gouf hien 1908 als Member an d'Pontifikal Thomasakademie beruff. Seng Wierker, déi an 260 gréisser Bibliothéiken uechter d'Welt ze fanne sinn, hunn zu engem Deel bis haut hire wëssenschaftleche Wäert behalen.

No sengem Doud, den 29. Januar 1940, gouf de Pater Joseph Gredt am réimesche Kierfecht Campo Verano, an der Gruft vu senger Klouschtergemeinschaft, bäigesat.

Auszeechnungen

änneren

Wierk (Auswiel)

änneren
  • Elementa philosophiae aristotelico-thomisticae; 2 Bänn; Roum, 1899-1901 (13. verbessert an erweidert Oplo, Barcelona 1961).
  • De cognitione sensuum externorum: inquisitio psychologico-criteriologica zirka realismum criticum et objectivitatem qualitatum sensibilium ; Roum (Desclée), 1913; 98 Säiten.
  • Unsere Aussenwelt: eine Untersuchung über den gegenständlichen Wert der Sinneserkenntnis ; Innsbruck (Tyrolia), 1921; 332 Säiten.
  • Die Lehre von Materie und Form und die Elektronentheorie; in: Divus Thomas - Rivista dello Studio Filosofico Domenicano (F) 1 (Bologna, 1923), Ss. 275-288.
  • Bewegung, Zeit und Raum in der Einstein'schen Relativitätstheorie; in: Divus Thomas (F) 2 (1924), Ss. 432-446.
  • Philosophie der Mechanik; in: Divus Thomas (F) 8 (1930); Ss. 53-59.
  • Die aristotelisch-thomistische Philosophie; 2 Bänn; Freiburg/Breisgau (Herder), 1935.

Literatur

änneren
  • David Berger, Gredt, Joseph August, in: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon; Verlag Traugott Bautz; Band XXI (Nordhausen, 2003), Kolonne 538 bis 540. [3] [4]
  • David Berger, Auf gesicherter Grundlage des Thomismus - Vor 140 Jahren geboren: Der Philosoph Joseph Gredt; in: Die Tagespost - Katholische Zeitung für Politik, Gesellschaft und Kultur (Würzburg); Ausgab vum 17. Juli 2003.
  • Bodo Bost, Wissenschaftler Gottes Joseph Gredt ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 3. August 2013, S. 14 (mat enger Photo, mä ouni bibliographesch Angaben).
  • Pius Engelbert OSB, Sant'Anselmo in Rom: Kolleeg und Hochschule - Von den Anfängen (1888) bis zur Gegenwart; 2. Oplo, EOS Verlag, St Ottilien, 2012; 294 S. (ill.); ISBN 978-3-8306-7532-7. - Wat de P. Joseph Gredt ubelaangt, vgl. d'Säiten 132-136 (ill.)!
  • Festschrift Joseph Gredt, Studia Anselmiana 1938, VII-VIII.
  • Romain Hilgert, Ein großer Sohn der Heimat - Heidegger liest Joseph Gredt. d'Lëtzebuerger Land, Nr. 35, 30. August 2013, S. 14 (ill.).
  • Edouard M. Kayser, Le Père Joseph (Auguste) Gredt (1863-1940), un « learned Benedictine philosopher-scientist » ; in: nos cahiers, Nr. 1 / (Mee) 2013; Ss. 93-104 (ill., Bibliogr.).
  • Kayser, E. M., 2014. Esquisse d'histoire familiale: les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe. Récré 28: 73-91.
  • J.B. Müller, P. Joseph Gredt O.S.B.: In piam memoriam; in: Luxemburger Wort 1940, Nr. 36 (5. Februar), S. 3. [5]

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Hie gouf den 1. August 1863 als Johann Nicolas Gredt deklaréiert (Stad Lëtzebuerg, Gebuerteregëster 1863, Nr. 259. Kuck och: L'Union 1863, N° 189 (9 août), S. 4 (État civil: naissances). [1]. — Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1863, N° 189 (11 août), S. 4 (État civil de la ville de Luxembourg: naissances). [2]
  2. Kayser, E. M., 2014. Esquisse d'histoire familiale: les Gredt de Luxembourg au XXIe siècle et ai début du XXe. Récré 28: 73-92.