NGC 7742
Galaxis am Stärebild Pegasus
Den NGC 7742 ass eng Face-On-Galaxie am Stärebild Pegasus.
Detailfoto vum NGC 7742 opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop | |
Stärebild | Pegasus (Peg) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 23h 44m 15.86s |
Deklinatioun | + 10° 46' 01" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | SA(r)b |
Visuell Magnitude | 11,6 mag mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 12,4 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 1.8/1.7 |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | 12,6 mag |
Physikalesch Donnéeën | |
Routverrécklung | (5514 ± 40) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (1648 ± 12) |
Absolutten Duerchmiesser | 36 000 |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 18. Oktober 1784 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CGCG | 432-23 |
GC | 5005 |
h | 2264 |
H | II-255 |
IRAS | 23417+1029 |
KUG | 2341+104 |
MCG | +2-60-10 |
NGC | 7742 |
PGC | 72260 |
UGC | 12760 |
2MASX | J23441571+1046015 |
Si ass 72 Milliounen Liichtjoer ewech. Mat engem Duerchmiesser vu 36.000 Liichtjoer ass se relativ kleng. Hir visuell Magnitude ass +11,6 m, d. h. si ass eng Seyfert-Galaxie vum Typ 2. – Opgrond vun hirem Ubléck gëtt si och nach „Spigelee-Galaxie“ genannt.
Si huet (vu bannen no baussen) follgenden Opbau:
- D'Wëssenschaftler huelen un, datt an der Mëtt vun der Galaxie e Schwaarzt Lach ass.
- Ronderëm ass e ganz helle Kär an eng Stëpsceinture an zirka 2000 Liichtjoer Ofstand.
- An der nächster bloer Regioun (zirka 3200 Liichtjoer) entsti ganz vill Stären.
- Duerno kënnt eng weider Stëbsceinture mat enger manner grousser Dicht wéi déi éischt.
- Eréischt baussenzeg vun der zweeter Stëbsceinture gëtt et Spiralaerm, wéi se vun normale Spiralgalaxien bekannt sinn.
Den NGC 7742 huet ee sougenannten „aktive Kär“, d. h. dat Schwaarzt Lach verbrauch („frësst“) Massen aus senger Ëmgéigend. Déi Kären zeechne sech duerch eng extreem Hellegkeet aus.