Face-On-Galaxie
Eng Spiralgalaxie gëtt als face on bezeechent, wann hir Schréilag (Inklinatioun) kleng ass (am Extremfall 0°) a se dofir „vun uewe“ gesi gëtt. Bei Face-On-Galaxië sinn d'Scheif mat de Spiraläerm an den zentrale Beräich (Bulge) gutt ze gesinn. Fir Amateurastronomen ass eng Observatioun wéinst der schwaacher Flächenhellegkeet schwiereg. De Géigendeel vu Face-On-Galaxië sinn Edge-On-Galaxien, déi vun der Säit gesi ginn.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c5/M101_hires_STScI-PRC2006-10a.jpg/220px-M101_hires_STScI-PRC2006-10a.jpg)