Messier 86
De Messier 86 (och NGC 4406 bezeechent) ass eng 8,9 mag hell lënsefërmeg Galaxie mat enger Flächenausdehnung vun 10,2' × 6,8' am Stärebild Virgo.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Virgo (Vir) | ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 12h 26m 12.2s | ||||
Deklinatioun | + 12° 56' 44.5" | ||||
Ausgesinn | |||||
Hubble-Sequenz | S0(3)/E3 | ||||
Visuell Magnitude | +8,9m | ||||
Wénkelduerchmiesser | 10.2/6.8 | ||||
Flächenhellegkeet mag/arcmin2 |
13,3 | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Distanz | (56 ± 4) Mio.(Lj) | ||||
Routverrécklung | (901±187) ∙ 10−6 | ||||
Radialvitess | (−270 ± 56) | ||||
Absolutten Duerchmiesser | 155000 | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | Charles Messier | ||||
Entdeckungsdatum | 18. Mäerz 1781 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 86 | ||||
NGC | 4406 | ||||
PGC | 40653 | ||||
UGC | 7532 | ||||
MCG | +2-32-46 | ||||
ZWG | 70.72 | ||||
GC | 2961 | ||||
h | 1253 |
Den M86 läit am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup an der Noperschaft vun der Risegalaxie M87. Fréier gouf hiren Typ an der Hubble-Sequenz mat E3 (elliptesch ofgeplatt) uginn, modern Auteure ginn awer éischter de lënsefërmegen Typ S0 un. D'Galaxie fält dynamesch am Galaxiëkoup besonnesch duerch hir héich Bloverrécklung op. D'Galaxie kënnt eiser Mëllechstrooss mat iwwer 400 km/s entgéint, wouraus sech eng Pekuliarvitess vun iwwer 1700 km/s géintiwwer dem Schwéierpunkt vum Galaxiëkoup ergëtt, eng vun de gréisste Pekuliarschvitessen am Virgo-Koup iwwerhaapt.
Den M86 gehéiert zu der sougenannter Markarjan-Ketten, enger Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.
Entdeckung
ännerenD'Galaxie NGC 4406 gouf den 18. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Messier 86 – Biller, Videoen oder Audiodateien |